Projet Fusioun : Béiwen/Atert-Téinten - Helperknapp

BÉIWEN / ATERT - TÉINTEN
DÉI AKTUELL SITUATIOUN !
LA SITUATION D’AUJOURD’HUI !
De Fusiounsprojet leeft weider. De 25. Mee 2014,
den Dag vun den Europawahlen, gëtt e Referendum
organiséiert. Do hutt Dir d’Méiglechkeet, Iech fir
oder géint eng Fusioun vun deenen zwou Gemengen
z’entscheeden.
LU
FR Le projet de fusion suit son cours. Un référendum
sera organisé le 25 mai 2014, jour des élections européennes. Vous aurez l’opportunité de vous prononcer en
faveur ou non d’une fusion entre les deux communes.
FIRWAT ENG FUSIOUN ?
L’INTÉRÊT D’UNE FUSION
Zil vun dëser Fusioun ass et, sech op
d’Erausfuerderunge vun der Zukunft virzebereeden an
den Déngscht um Bierger ze verbesseren, duerch:
LU
− eng staark a méi leeschtungsfäeg Gemengeverwaltung, déi weiderhi qualitativ gutt Déngschtleeschtungen ubitt an déi et fäerdegbréngt, hire Betrib mat
all deenen Aufgaben, déi domat verbonne sinn - a vun
deenen et der ëmmer méi gëtt - ze optimiséieren,
− eng gestäerkte Gemengenautonomie: Eng méi grouss
Gemeng kann deene meeschte Verflichtungen eleng
nokommen; si huet och méi Gewiicht an de Gemengesyndikater a géigeniwwer de Staatsverwaltungen,
− déi aussergewéinlech Geleeënheet, eng ganz Rei vun
Infrastrukture fir all d’Bierger ze schafen,
− eng substantiell finanziell Ënnerstëtzung vum Staat
vun ± 9.000.000 €, déi d’Finanzéierung vun zukünftege Projeten an der Gemeng erméiglecht.
FR Le but de cette fusion est d’être préparés aux défis
du futur et capables d’encore mieux servir les citoyens,
grâce à :
− une administration communale forte et plus performante, continuant à offrir des services de grande
qualité, tout en optimisant la gestion journalière des
missions communales de plus en plus nombreuses,
− une autonomie communale renforcée, car une plus
grande commune peut accomplir un maximum
d’obligations à elle seule; et elle dispose de plus de
poids dans les syndicats communaux et auprès des
administrations de l’État,
− l’opportunité unique de réaliser une série
d’infrastructures au profit de tous les citoyens,
− une aide étatique substantielle de ± 9.000.000 €,
destinée au financement des futurs projets
communaux.
Béiwen / Atert, Boevange / Attert, Photo © Henri Bausch
Huelmesser Schlass, Château de Hollenfels, Photo © Jessica Theis
WANN ET ZU ENGER FUSIOUN KËNNT
EN CAS DE FUSION
D’Gemengevertrieder sinn sech iwwert eng Rei vu
Punkten eens ginn, déi wichteg si fir déi zukünfteg nei
Gemeng:
LU
De Numm: Helperknapp, wéi de symbolesche Flouernumm. Et ass den héchste Punkt vun der neier Gemeng, deen déi zwou Gemenge geschichtlech matenee
verbënnt.
De Sëtz vun der neier Gemeng kënnt an dat aktuellt
Gemengenhaus zu Téinten.
Den neie Gemengerot gëtt nom Majorz-System gewielt
a setzt sech zesummen aus 7 Gemengeréit aus der aler
Gemeng Béiwen/Atert a 6 Gemengeréit aus der aler
Gemeng Téinten. De Schäfferot fonctionnéiert fir eng
Iwwergangszäit vun 2017 bis 2023 mat 4 Leit.
Déi nei Gemeng wäert sech virun allem op folgend
Beräicher konzentréieren:
− déi ëffentlech Infrastrukturen an déi aktuell kollektiv
Ariichtungen optimiséieren,
− eng grouss Sportinfrastruktur schafen,
− dofir suergen, datt eng gutt kulturell Offer an
en interessant Veräinsliewen erhale bleiwen,
− d’Schoul- an d’Betreiungsinfrastruktur ausbauen,
− Wunnraum fir all Besoine schafen,
− déi natierlech Ressourcë schützen.
FR Les responsables communaux se sont accordés
sur une série de points importants relatifs à la future
nouvelle commune :
Son nom : Helperknapp, comme le lieu-dit symbolique,
point culminant reliant les deux communes à travers
l’histoire.
Son siège : la nouvelle mairie sera installée dans les
locaux de l’actuelle mairie de Tuntange.
Le nouveau conseil communal, élu selon le système
de la majorité absolue, se composera de 7 conseillers
issus de l’ancienne commune de Boevange / Attert et
de 6 conseillers de l’ancienne commune de Tuntange.
Le collège échevinal fonctionnera quant à lui avec 4
élus pendant une période transitoire allant de 2017 à
2023.
Les actions de la nouvelle commune mettront l’accent
sur :
− l’optimisation des infrastructures publiques et des
équipements collectifs existants,
− la création d’une infrastructure sportive d’envergure,
− le maintien de l’attractivité de la vie culturelle et
associative,
− le développement de l’infrastructure scolaire et
éducative,
− la création de logements adaptés à tous les besoins,
− la protection des ressources naturelles.
Gemengenhaus vunTéinten, Mairie de Tuntange, Photo © Jessica Theis
AN ELO ...
LA SUITE ...
D’Gemengeréit stinn Iech zur Verfügung, fir op
Är Froen ze äntweren an iwwert de Fusiounsprojet ze
diskutéieren. Enn Abrëll gëtt eng detailléiert Informatiounsbroschür verdeelt.
LU
Et gëtt an all Gemeng eng Informatiounsversammlung
organiséiert:
− de 6. Mee ëm 19:30 zu Béiwen,
am Centre Polyvalent „Am Lëtschert“;
− de 7. Mee ëm 19:30 zu Téinten,
am Centre Polyvalent „Koschteschbau“.
D’Invitatioun kritt Dir mat der Post geschéckt.
Bei där Geleeënheet gëtt de Fusiounsprojet am Detail
erkläert an d’Bierger kréien Äntwerten op déi Froen,
déi si nach hunn.
Jee nodeem, wéi de Referendum vum 25. Mee 2014
ausfält, gëtt de Fusiounsprojet weidergefouert a mat
de Gemengewahlen 2017 zum Ofschloss bruecht. Déi
nei Gemeng gëtt dann den 1. Januar 2018 institutionaliséiert.
FR Les conseillers communaux se tiennent à votre disposition pour répondre à vos questions et discuter du
projet de fusion. Une brochure d’information détaillée
vous parviendra fin avril.
Une réunion d’information sera organisée dans chaque
commune :
− le 6 mai à 19h30 à Boevange,
au Centre Polyvalent « Am Lëtschert » ;
− le 7 mai à 19h30 à Tuntange,
au Centre Polyvalent « Koschteschbau ».
Une invitation vous parviendra par voie postale.
A cette occasion, le projet de fusion sera expliqué en
détail et chaque citoyen recevra les réponses aux questions restées ouvertes.
Selon le résultat du référendum du 25 mai 2014, le
projet de fusion se poursuivra et sera finalisé lors des
élections communales d’octobre 2017. La nouvelle
commune sera institutionnalisée le 1er janvier 2018.
Déi 2 Gemengeréit, les 2 Conseils communaux, Photo © Jessica Theis
WICHTEG DATUMER
DATES CLÉS
Abrëll / Avril
Publikatioun
Informatiounsbroschür
Publication
de la brochure
d’information
6
7
25
Mee / Mai
Mee / Mai
Mee / Mai
19h30
19h30
Informatiounsversammlung
Informatiounsversammlung
Réunion
d’information
Réunion
d’information
Boevange
Centre Polyval.
Am Lëtschert
Tuntange
Centre Polyval.
Koschteschbau
Referendum
Référendum
Béiwen / Atert, Boevange / Attert, Photo © Jessica Theis
Ansebuerger Schlass, Château d’Ansembourg, Photo © Jessica Theis
HAAPTINFORMATIOUNEN
INFORMATIONS CLÉS
Gemeng
Commune
Béiwen / Atert
Boevange / Attert
Téinten
Tuntange
2.340
1.534
18,87 km2
18,74 km2
270 ha
230,34 ha
Boevange / Attert,
Bill, Grevenknapp,
Brouch, Finsterthal,
Buschdorf, Openthalt
Tuntange, Bour,
Hollenfels,
Ansembourg,
Marienthal
Bevëlkerung / Population
Fläch vun der Gemeng
Surface commune
Gemengebësch
Bois appartenant
à la commune
Dierfer vun der Gemeng
Villages de la commune
COMMUNE DE VICHTEN
COMMUNE
D’USELDANGE
COMMUNE DE
BISSEN
Attert
BOEVANGE / ATTERT
COMMUNE DE
BOEVANGE / ATTERT
Bill
Grevenknapp
Finsterthal
Buschdorf
HELPERKNAPP
Openthalt
Brouch
COMMUNE DE
MERSCH
COMMUNE DE
SAEUL
TUNTANGE
COMMUNE DE
TUNTANGE
COMMUNE DE
SEPTFONTAINES
Hollenfels
Ansembourg
Kalbacherhof
Claushof
Marienthal
Marienthalerhof
Bour
Eisch
COMMUNE DE KEHLEN
Déi zukünfteg Gemeng Helperknapp, la future commune Helperknapp
Helperknapp, Helperknapp, Photo © Accentaigu