HELPERT Faaschtenzäit 2014 - Boevange

Parbréif fir de
Parverband „St. Willibrord“
HELPERT
Wochen vum 3. Mäerz bis den 13. Abrëll 2014
N°2/14 – Jg 10
Faaschtenzäit 2014
D’Freed vum Glawen
Léif Lieserinnen a Lieser vun eisem Parbréif!
„Das Volk, das im Dunkel lebt, sieht ein helles Licht; über
denen, die im Land der Finsternis wohnen, strahlt ein Licht auf.
Du erregst lauten Jubel und schenkst große Freude. Man freut
sich in deiner Nähe.“ (Jes 9,1-2).
Dës frou Ukënnegung hu mir op Chrëschtdag beim
Prophéit Jesaja héieren a si gëtt och an dësen Deeg widderholl,
an der frouer Botschaft vum Matthäusevangelium (Mt 4,16).
Am Parverbandsrot, grad esou wéi an deene verschiddene
Parréit hu mer äis an deene leschte Wochen a Méint Gedanke
gemaach iwwert eist Chrëschtsinn. Dobäi hu mer festgestallt,
dass et scho laang net méi ëm d’Kierchtuermpolitik an eisem
Parverband geet (och wann et déi leider nach ëmmer gëtt), mä
dass ët alleng ëm d’Freed vum Glawen geet. De Glawen mecht
äis frou, de Glawen mech äis fräi. An dëse Glawen, dee wëlle
mer als Chrëschten ganz einfach deelen.
Op eise Parverband kënnt eng onsëcher Zäit duer: mir
wëssen net, wéi et weidergeet. An trotzdeem, sou seet de Jesus
äis ët ëmmer nees, brauche mer keng Angscht ze hunn: mir
sinn net alleng. Christus ass bei äis!
A genau dës Gewëssheet encouragéiert äis, fir äis Christus
nei zouzewenden. Sou huet eisen Äerzbëschof um Fest vum
hellege Willibrord zu Iechternach äis all opgefuerdert, äis zu
Christus ze bekéieren. Jo, mir sinn un engem Punkt ukomm,
wou et vun alleng net méi geet. Mir brauche Christus, mir
mussen äis vun him leede loossen. Mir mussen eng perséinlech
Relatioun mat him opbauen. Duerfir kréie mer, grad och an
deene nächste Wochen a Méint, Geleëenheeten, wéi mer dat
maache kënnen. Ech invitéieren Iech all, Grouss a Kleng,
intensiv dës Wochen a Méint mat ze erliewen, fir dass mer
gestäerkt a getrouscht an d’Zukunft kucke kënnen.
Och wa mer virun engem groussen Ëmbroch stinn, a wa
kee gesäit, wéi d’Zukunft vun der Kierch soll ausgesinn, sou
wësse mer dach, dass d’Kierch erëm méi authentësch wäert
ginn. Déi grouss Zuel vu Leit wäert ofhuelen, wat bleift wäert
ee méi klenge Grupp vun engagéierte Chrëschte sinn. Mä dës
Chrëschten wäerten méi mat Christus verbonne sinn, sou dass
d’Kierch weiderliewe wäert. Jo, ech sinn iwwerzeegt, si wäert
nach méi stark weiderliewen, wéi bis elo.
Duerfir ass et wichteg, dass mer och déi verschidde
Gottesdéngschtforme kenneléieren. Och wann d’Eucharistiefeier
(d’helleg Mass) d’Spëtzt vun alle Gottesdéngschter ass, sou
ginn et dach eng Vielfalt vu Gottesdéngschter, déi och ouni
Geeschtlechen an eise Kierchen gehale ka ginn. Profitéiere mer
dervun, wann eis Gemeinschaften dat wënschen, och esou
Gottesdéngschter ze feieren. Well, „wou Zwee oder Dräi a
mengem Numm versammelt sinn, do sinn ech matten ënnert
hinnen.“
Ech wënschen Iech alleguerten, vu ganzem Häerz, eng
déif, besënnlech a gudd Faaschtenzäit. Préparéiere mer eist
Häerz, fir dass mer op Ouschterdag voller Iwwerzeegung och
an eisem Parverband sange kënnen: „Jesus Christus ass vum
Doud operstanen, hië lieft… och fir Dech….!“
Dat wënscht sech vun Häerzen
Äre Paschtouer
Joël Santer
Gottesdéngschtuerdnung
Wochen vum 3. Mäerz bis den 13. Abrëll 2014
Méindeg, 03.03.14
19:00 Kaalmes: Mass als Joermass fir Jean-Pierre Fisch / Stëftung fir
d’Verstuerwen vun der Famill Zoller-Schommer.
20:00 Bruch: Versammlung vum Parverbandsrot Helpert am „Salon bleu“.
Dënschdeg, 04.03.14
(Hl. Kasimir, +1484)
10:00 Miedernach: Dekanatskonferenz am Centre „Les Étangs“.
Mëttwoch, 05.03.14
Äschermëttwoch
Faascht- an Abstinenzdag
Ufank vun der éischterlecher Bousszäit (Faaschtenzäit)
17:00 Biissen: Kannergottesdéngscht mat Ausdeelen vum Äschekräiz.
19:00 Bruch: Feierlech Mass zum Ufank vun der Faaschtenzäit mat
Ausdeelen vum Äschekräiz, op Meenung (R).
 Häerzlech Invitatioun un all Chrëschten aus dem Parverband, fir zesummen
dës wichteg Zäit vun der Virbereedung op Ouschteren unzefänken!
Donneschdeg, 06.03.14
(Hl. Fridolin vu Säckingen, +6./7. Jht)
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Freideg, 07.03.14
1. Freideg am Mount (Häerz-Jesu-Freideg)
18:00 Bruch: Laudes a Mass zur Éier vum allerhellegsten Häerz
Jesu, fir kierchlech Beruffer (H).
Uschléissend: Eucharistësch Ubiedung (bis 19:15 Auer).
19:30 Bruch: Virbereedungsversammlung vun der Éischtkommiounsequipe am
„Salon bleu“.
Samschdeg, 08.03.14
(Hl. Johannes vu Gott, +1550)
09:00 Bruch: Véierten Virbereedungsdag fir sämtlech Éischtkommiounskanner
am fréiere Festsall vun der Schoul (bis 16 Auer).
1.Sonndeg an der Faaschtenzäit A
„Invocabit“ – „Buergsonndeg“
Samschdeg, 08.03.14
18:00 Biissen: Virowendmass zur Éier vum hellegen Tarzisius, fir all
Massendénger aus eisem Parverband / 6. Wochemass fir JeanPierre Meyers / fir Jos Rollinger a fir d’Verstuerwen vun der Famill
Rollinger-Jander / fir Yvon Wagner / fir d’Verstuerwen vun der
Famill Engel-Bofferding / Stëftung fir d’Verstuerwen vun der
Famill Kuhn-Zeimet / Stëftung fir d’Ver stuerwen vun der Famill
Mergen-Baum.
Häerzlech Invitatioun un all Massendénger aus dem Parverband, mat hieren
Tuniquen un dëser Mass deelzehuelen. Déi nei Massendénger gi während der Mass
opgeholl, an no der Mass feiere mer nach am Parsall.
Sonndeg, 09.03.14
08:45 Bruch: Houmass op Meenung fir de Parverband / Stëftung fir Julie
an Hilda Koedinger.
16:00 Biissen: Daffeier fir Lyo Machado.
17:30 Biissen: Kräizwee am Alldag (Deel I) (org. vum Biisser Parrot).
18:30 Bëschdref: Owesmass fir Guillaume a Leonie Bach-Rollinger /
Stëftung fir Anna Maria Eilenbecker.
Kollekt fir eis Parkierchen!
Méindeg, 10.03.14
Kee Gottesdéngscht am Parverband!
Dënschdeg, 11.03.14
19:00 Biissen: Mass als Stëftung fir d’Gesëschter Stiefer / Stëftung fir
d’Verstuerwen vun der Famill Mersch.
Mëttwoch, 12.03.14
19:30 Biissen: Dafvirbereedung am Parsall.
19:30 Sëll: Generalversammlung vun der Sëller Chorale.
Donneschdeg, 13.03.14
(1. Joresdag vun der Wiehl vum Poopst Franziskus)
Kee Gottesdéngscht am Parverband!
Freideg, 14.03.14
(Hl. Mathilde, +968)
09:00 Bruch: Laudes a Mass als Stëftung fir Joseph Beckerich.
18:30 Rued: Kräizweeandacht an der Faaschtenzäit.
Häerzlech Invitatioun och un déi aner Chrëschten aus dem Parverband, zesummen
mat de Chrëschten vu Rued de Kräizwee ze bieden.
20:00 Bruch: Virbereedung vun de Kar- an Ouschterdeeg am Parsall.
Samschdeg, 15.03.14
(Hl. Klemens Maria Hofbauer, +1820)
15:00 Tuntange: Célébration du baptême pour Noah Tamagnoli.
2.Sonndeg an der Faaschtenzäit A
„Reminiscere“ – „Bounesonndeg“
Bietdag an der Par Biissen
Samschdeg, 15.03.14
18:00 Biissen: Virowendmass fir Marcel Franck a Lilly Liefgen-Heinen.
Sonndeg, 16.03.14
08:45 Sëll: Houmass op Meenung fir de Parverband / fir Henriette BirkelHartert.
16:00 Biissen: Daffeier fir Mia Alen.
17:00 Biissen: Stëllt Gebied virum Allerhellegsten.
17:30 Biissen: Biedstonn fir d’Éischtkommiounskanner.
18:00 Biissen: Feierlech Sakramentsandacht zum Ofschluss vum Bietdag.
Kollekt fir d’Obdachlosenhëllef vun der Caritas!
Méindeg, 17.03.14
(Hl. Gertrud vu Nivelles, +659)
19:00 Bruch: Versammlung vum Kiercherot Béiwen am „Salon bleu“.
20:30 Bruch: Versammlung vum Kiercherot Bruch am „Salon bleu“.
Dënschdeg, 18.03.14
(Hl. Cyrill vu Jerusalem, +386)
Kee Gottesdéngscht am Parverband!
Mëttwoch, 19.03.14
Héichfest vum hellege JOUSEF,
Mann vun der Gottesmamm Maria
Patréiner vun der Kapell vu Schweebech
15:00 Bruch: Festtmass zur Éier vum hellege Jousef, mat Spendung vum
Sakrament vun der Krankesalbung, op Meenung fir eis krank an eeler
Matchrëschten aus dem Parverband an doriwwer eraus.
 Uschléissend invitéiert eis Krankepastoralequipe op „Kaffi a Kuch“ an d’Koll.
19:00 Schweebech: Festmass zur Éier vum hellege Jousef, op Meenung
(AG).
Donneschdeg, 20.03.14
19:00 Simmer: Versammlung vum Kiercherot Gräisch am „ale Pompjeesbau“.
20:30 Simmer: Versammlung vum Kiercherot Simmer am „ale Pompjeesbau“.
Freideg, 21.03.14
19:00 Téinten: Mass als Stëftung fir d’Verstuerwen vun de Familljen
Hartert, Karels, Sinnes, Fischbach, Flammang, Weinacht a Wohltäter.
Samschdeg, 22.03.14
09:30 Wahl: Fënnefte Virbereedungsdag fir d’Éischtkommiounskanner aus der
Par Biissen an der Thillensvogtei (bis 17 Auer).
17:00 Bissen: Célébration du baptême pour Pamela Dos Remedios de
Albuquerque et pour sa fille Vanessa.
3.Sonndeg an der Faaschtenzäit A
„Oculi“ – „Krounesonndeg“
Samschdeg, 22.03.14
18:00 Biissen: Virowendmass als 1. Joermass fir Triny Wendel-Haan / fir
Camille a Maria Ledesch-Thein a fir d’Verstuerwen vun der Famill
Ledesch / fir Laurindo Menezes / fir Erwin a Margot RiesSchmoetten / fir Jos Rollinger a fir d’Verstuerwen vun der Famill
Heck-Poulles / fir Alphonse Schmitz a fir d’Verstuerwen vun der
Famill Schmitz-Heck.
19:30 Simmer: Virowendmass als Stëftung fir Abbé Aloyse Schmit a
Famill, fir d’Verstuerwen vun de Familljen Noesen, Hemes a
Weiler.
Sonndeg, 23.03.14
16:00 Bruch: Andacht zur Éier vum hellege Jousef.
16:30 Biissen: Kräizwee am Alldag (Deel II) (org. vum Biisser Parrot).
18:30 Béiwen: Owesmass fir Marcel Dupont a fir Renée Dupont-Colbach.
Kollekt fir eis Parkierchen!
De Parverbandsbüro zu Biissen ass zou
vum 24. Mäerz bis den 28. Mäerz 2014
Den Telefon ass zu de Büroszäiten awer besat!
Méindeg, 24.03.14
20:00 Bruch: Versammlung vum Kiercherot Bëschdref am Paschtoueschhaus.
Dënschdeg, 25.03.14
Héichfest vun der Verkënnegung
vun eiser Här Jesus Christus
16:00 Ettelbréck: Konveniatsmass vun de Lourdes-Pilger vu „Voyages Emile
Weber“.
Mëttwoch, 26.03.14
(Hl. Liudger, +809)
19:00 Bruch: Versammlung vum Kiercherot Kaalmes am Paschtoueschhaus.
20:30 Bruch: Versammlung vum Kiercherot Sëll am Paschtoueschhaus.
Donneschdeg, 27.03.14
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Freideg, 28.03.14
09:00 Bruch: Laudes a Mass op Meenung (AG).
19:30 Bruch: Virbereedungsversammlung fir d’Éischtkommiounsequipe am
„Salon bleu“.
Samschdeg, 29.03.14
09:30 Wahl: Fënnefte Virbereedungsdag fir d’Éischtkommiounskanner aus de
Pare Béiwen, Bëschdref, Bruch, Sëll, Simmer an Téinten an der
Thillensvogtei (bis 17 Auer).
4.Sonndeg an der Faaschtenzäit A
„Laetare“ – „Halleffaaschten“
Samschdeg, 29.03.14
18:00 Biissen: Virowendmass fir déi Liewend a Verstuerwen vun der
Famill Schmit-Frieseisen / als 6. Wochemass fir Catherine SchmitzJommes a Joermass fir Mathias Schmitz / fir d’Verstuerwen vun der
Famill Engel-Heymanns / fir Marcel Franck / fir Laurindo Menezes
/ fir Erwin a Margot Ries-Schmoetten / fir Henri Wagener an
Yvonne Lutgen-Adler / fir Betty Schmitz-Wallers / fir Nicolas Heck
/ fir d’Verst. v. d. Fam. Zimmer-Kellen a Petry-Weiler.
19:30 Gräisch: Virowendmass fir d’Verstuerwen vun de Familljen
Mamer, Huberty a Neu / Stëftung fir d’Verstuerwen vun der Famill
Schiltz-Altmann / fir Paul Frank a Beby Hoffmann.
An dëser Nuecht gëtt d’Auer eng Stonn no vir geréckelt!
Sonndeg, 30.03.14
08:45 Bruch: Houmass op Meenung fir de Parverband / op Meenung
(HK) / Stëftung fir d’Verstuerwen vun de Familljen Schwachtgen,
Thill, Flies-Becker a Wohltäter.
15:00 Diddeleng: Pontifikalmass mat Weih zum stännegen Diakon vum
Frank Storck aus der Par Diddeleng.
Häerzlech Invitatioun un all Interesséiert, eng Weih vun engem bestuete Mann als
stännegen Diakon matzeerliewen. Eng Beruffung mat Zukunft!
Kollekt fir eis Parkierchen!
Méindeg, 31.03.14
19:00 Kaalmes: Mass fir d’Verstuerwen vun der Famill Fisch-Theisen /
op Meenung (P).
Dënschdeg, 01.04.14
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Mëttwoch, 02.04.14
(Hl. Franz vu
+1507)
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Páola,
Donneschdeg, 03.04.14
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Freideg, 04.04.14
1. Freideg am Mount (Häerz-Jesu-Freideg)
19:00 Bruch: Laudes a Mass zur Éier vum allerhellegsten Häerz
Jesu, fir kierchlech Beruffer (H).
Uschléissend: Eucharistësch Ubiedung (bis 20:15 Auer).
5. Sonndeg an der Faaschtenzäit A
„Judica“ – „Ellesonndeg“
Samschdeg, 05.04.14
18:00 Biissen: Virowendmass fir Yvon Wagner / Stëftung fir d’Verstuerwen vun der Famill Guillaume Feith-Collé / Stëftung fir den Här
Paschtouer Nestor Mille, fir d’Verstuerwen vun de Familljen Thull
a Schwartz, fir d’Par a fir d’Wohltäter.
Sonndeg, 06.04.14
16:00 Béiwen: Daffeier fir Leni Kreins (Gréiweknapp).
17:30 Bëschdref: Eucharistësch Ubiedung virum Allerhellegsten.
18:30 Bëschdref: Owesmass fir déi Liewend a Verstuerwen vun der
Famill Muller-Zens (bei Geleeënheet vun der Gëllener Hochzäit) /
Stëftung fir Jean-Guillaume Klein.
Kollekt fir „Bridderlech Deelen“!
Méindeg, 07.04.14
(Jean-Baptiste de la Salle, +1719)
Kee Gottesdéngscht an eisem Parverband!
Dënschdeg, 08.04.14
Mëttes: Par Biissen
Kranken- an Hauskommioun.
W.e.g. am Parverbandsbüro (Tel.: 835003-95) umellen!
19:00 Biissen/Wobierg: Mass fir Liette Engel / Stëftung fir d’Verstuerwen
vun der Famill Winandy-Boden.
Mëttwoch, 09.04.14
Mëttes: Pare Gräisch, Sëll, Simmer (mat Rued) an Téinten
Kranken- an Hauskommioun.
W.e.g. am Parverbandsbüro (Tel.: 835003-95) umellen!
19:30 Biissen: Dafvirbereedungsversammlung am Parsall.
Donneschdeg, 10.04.14
20:00 Sëll: Boussfeier als Virbereedung op Ouschteren.
 Uschléissend: Geleeënheet zur Aussprooch a Beicht!
Freideg, 11.04.14
09:00 Bruch: Laudes a Mass
(Hl. Stanislaus, +1079)
Mëttes: Pare Béiwen, Bëschdref a Bruch
Kranken- an Hauskommioun.
W.e.g. am Parverbandsbüro (Tel.: 835003-95) umellen!
20:00 Biissen: Boussfeier als Virbereedung op Ouschteren.
 Uschléissend: Geleeënheet zur Aussprooch a Beicht!
Samschdeg, 12.04.14
10:30 Bruch: Beichtgeleeënheet virun Ouschteren (Paschtouer).
17:00 Biissen: Beichtgeleeënheet virun Ouschteren (Paschtouer).
Pällemsonndeg A
Anzuch vun eiser Här Jesus Christus an d’Stad Jerusalem
Ufank vun der Karwoch (Helleg Woch)
Samschdeg, 12.04.14
18:00 Biissen: Pällemweih virun der Kapell hannert der Sakristei, duerno
Pällemprëssessioun an d’Parkierch a Virowendmass fir Jeannot
Klein / fir d’Verstuerwen vun der Famill Bausch-Steiver a fir
Raymond Saurfeld.
Et wier schéin, wa vill Leit sech fir d’Pällemzeremonie bei der Kapell
hannert der Kierch géifen afannen, wou d’Feier ufänkt.
19:30 Téinten: Pällemweih a Virowendmass als 2. Joermass fir Marcel
Stomp / fir Pierre Even / fir d’Verstuerwen vun de Familljen Glod
an Duscherer.
Sonndeg, 13.04.14
08:45 Sëll: Pällemweih virun der Kapell, duerno Pällemprëssessioun an
d’Parkierch a Houmass op Meenung fir de Parverband.
Et wier schéin, wa vill Leit sech fir d’Pällemzeremonie bei der Kapell géifen
afannen, wou d’Feier ufänkt.
18:30 Béiwen: Pällemweih um Parvis virun der Kierch, duerno
Pällemprëssessioun an d’Parkierch an Owesmass
Et wier schéin, wa vill Leit sech fir d’Pällemzeremonie virun der Kierch
géifen afannen, wou d’Feier ufänkt.
Kollekt fir eis Parkierchen!
MATDEELUNGEN - INFORMATIOUNEN
Fir eis Blummenequipen
An der Faaschtenzäit sollen eis Kierchen a Kapellen NET mat Blummen a
Blummestäck gerëscht ginn, fir de Bousscharakter vun der Faaschtenzäit ze ënnersträichen.
Ëmsouméi kommen dann fir d’Ouschterzäit d’Blummen an d’Freed vun der Operstehung zur
Geltung!
De ganze Mäerz iwwer kann oder soll d’Statu vum hellege Jousef (falls eng do ass),
ervirgehuewe ginn (villäicht ka si och feierlech am Chouerraum ausgestallt ginn). Do däerfe
rouheg, wéinst dem Jousefsmount, eng kleng Blumm derbäistoën. Schéi wier et, wann den
hellege Jousef an engem Liichter- a Blummemier géif ënnergoën. Et ass eng gutt, al
Traditioun, den hellege Jousef am Mount Mäerz ze veréieren. Als Mann vun der Gottesmamm
Maria an als Pfleegepapp vum Jesus spillt hien eng grouss Roll an der Kierch. Hien gëtt als
Schutzpatréiner vun der Kierch ugeruff, a vill Leit bieden zu him fir eng gutt Stierfstonn.
Loossen och mir zu him bieden, an äis deene ville Pilger uschléissen!
Eis Blummenequipen géifen sech sëcher och am Laf vum Joer iwwer ee klenge Don
freeën! Bedenke mer, dass si vill Zäit dora stiechen, eis Kierchen ze dekoréieren, an oft
steechen si och selwer Suën dran. Loosse mer hinne weisen, dass mer hier Aarbecht
respektéieren an dass mer mat dru schaffen!
Aus dem Parverband
 D’Haaptgottesdéngschter an der Karwoch (Gréngendonneschdeg, Karfreideg an
d’Ouschternuecht) feire mer, och dëst Joer, als Parverband zesummen op enger Plaz, an
zwar ofwiesselnd zu Bruch (Gréngendonneschdeg um 20 Auer), Sëll (Karfreideg um 20
Auer) a Biissen (Ouschternuecht um 21:30 Auer). Wien gären un dëse Gottesdéngschter




géif deelhuelen, awer keng Transportméiglechkeet huet, soll sech am Sekretariat vum
Parverbandsrot (Tel.: 835003-95) mellen. Een Transport gëtt dann vum Parverbandsrot
organsiséiert.
Een Opruff och dëst Joer nees un all Kierchechéier, fir zesummen d’Haaptgottesdéngschter
vun der Karwoch an deenen eenzelne Kierchen ze sangen. Et ass wichteg, dass och eis
Chéier dozou bäidroën, d’Eenheet vum Parverband ze verdäitlechen.
Et sief drop higewisen, dass een an alle Kierchen a Kapellen vun eisem Parverband eng
Stëftung maache kann. Fir mindestens 400 € verpflicht sech dann den zoustännege
Paschtouer mat der Kierchefabrik, fir während 20 Joer all Joer eng Mass fir déi betreffend
Intentioun an däer betreffender Kierch ze halen.
Wëllt Dir Äert Haus oder Äert Appartement aseene loossen, zéckt net dem Paschtouer
(Tel.: 26610403) unzeruffen!
Permanence am Paschtoueschhaus: méindes vun 15 bis 17 Auer. Während dëser Zäit ass
ëmmer een am Paschtoueschhaus ze erreechen!
Pilgerfahrten 2014
1. Pilgerreise nach Lourdes (Sonderflug mit Luxair)
2 Tage (28.04. – 29.04.2014)
Preis pro Person:
ab 487 €
Das „Wunder von Lourdes“ begann 1858, als die Jungfrau Maria in der Grotte de Massabielle
vor Bernadette Soubirous erschien. Jahr für Jahr suchen tausende von Pilgern den
Wallfahrtsort mit Glaube, Hoffnung und Erwartungen auf. Zahlreiche Kirchen, Kapellen und
zwei Kreuzwege vervollständigen den Wallfahrtsort am Fuße der Pyrenäen.
Reiseleistungen
- Zubringerdienst
- Sonderflug mit Luxair Luxemburg - Tarbes - Luxemburg (Economy Class)
- Flughafengebühren und Kerosin (Stand Dez. 2013)
- Frühstück an Bord
- 1 Übernachtung im Hotel Roissy*** inkl. Vollpension
- 1 Mittagessen im Hotel Roissy***
- Geistliche Reisebegleitung
- ULT-Reisebegleitung (Mindestteilnehmerzahl)
Reiseverlauf
28.04.2014 Montag
Luxemburg - Lourdes
Zubringerdienst von Ihrem Wohnort zum Flughafen-Luxemburg. Sonderflug am Morgen mit
Luxair nach Tarbes. Transfer nach Lourdes. Eucharistiefeier mit luxemburgischem Pfarrer.
Mittagessen im Hotel. Gemeinsamer Kreuzweg und Krankenandacht. Abendessen im Hotel,
danach Lichterprozession. Übernachtung im Hotel.
29.04.2014 Dienstag
Lourdes - Luxemburg
Frühstück im Hotel. Besuch der Internationalen Messe. Mittagessen im Hotel. Am
Nachmittag geht’s „Auf die Spuren der Heiligen Bernadette“. Nachmittag zur freien
Verfügung; Sie können an der Eucharistischen Prozession teilnehmen. Transfer zum
Flughafen Tarbes und Sonderflug mit Luxair nach Luxemburg. Zubringerdienst zu Ihrem
Wohnort.
Reiseleiter: Abbé Michel MAJERUS und Abbé Joël SANTER
2. Pilgerreise nach Santiago de Compostela (Sonderflug mit Luxair)
2 Tage (24.06. – 25.06.2014)
Preis pro Person:
ab 572 €
Die Stadt im Nordwesten Spaniens ist die Faszination einer Legende, die in der Glanzzeit der
Wallfahrt täglich tausende Pilger auf den Weg quer durch Europa gebracht hat. Santiago ist
die Stadt eines Apostels, der die Menschen angezogen hat wie kein anderer.
Reiseleistungen
Unsere Leistungen







Zubringerdienst ab/bis Wohnort
Sonderflug mit Luxair Luxemburg - Santiago de Compostela - Luxemburg (Economy
Class)
Flughafengebühren und Kerosin (Stand Juli 2013)
1 Übernachtung im Hotel NH Obradoiro****(*) inkl. Halbpension
Stadtbesichtigung
Geistliche Reisebegleitung
ULT-Reisebegleitung (Mindesteilnehmerzahl)
Reiseverlauf
24.06.2014 | Luxemburg - Santiago de Compostela
Zubringerdienst von Ihrem Wohnort zum Flughafen Luxemburg. Sonderflug mit Luxair am
Morgen nach Santiago de Compostela. Nach der Ankunft Transfer zum Hotel NH
Obradoiro****(*). Anschließend Spaziergang zur Kathedrale, wo Sie an der Pilgermesse
teilnehmen können. Zeit zur freien Verfügung. Am Nachmittag Stadtbesichtigung von
Santiago de Compostela, bei der Sie unter anderem den Platz Obradoiro und die Kathedrale
besichtigen. Abendessen und Übernachtung im Hotel. (A)
25.06.2014 | Santiago de Compostela - Luxemburg
Frühstück im Hotel. Der Vormittag steht Ihnen zur freien Verfügung. Fakultativ können Sie
einen Teil des Pilgerwegs gehen: Zunächst Bustransfer zum Jakobsweg und gemeinsame
Wanderung bis zur Kathedrale (10 km). Am Nachmittag gemeinsame Eucharistiefeier mit den
Luxemburger Geistlichen. Anschließend Transfer zum Flughafen von Santiago de
Compostela und Flug mit Luxair nach Luxemburg. Ankunft am Abend in Luxemburg und
Zubringerdienst zu Ihrem Wohnort. (F)
Reiseleiter: Abbé Michel MAJERUS und Abbé Joël SANTER
3. Traditionelle Pilgerfahrt nach Lourdes (mit Voyages Emile Weber)
Sonntag, 27. Juli 2014 bis Freitag, 01. August 2014
Die Fahrt laut Programm im „First-Class“-Reisebus, die Vollpension in
Lourdes. Abendessen am 27.07. und 01.08. sowie das Mittagessen am
01.08. Zubringerdienst, Reise- und Gepäckversicherung. (Eintrittsfelder
sind nicht inbegriffen.
Reiseleiter: Abbé Michel MAJERUS und Abbé Joël SANTER
Anmeldung: im Pfarrverbandssekretariat in Bissen
[email protected]
Archevêché de Luxembourg
Paroisse Saint-Martin
DUDELANGE
Provisoresch Gottesdéngschtuerdnung
Samschdes
17:00
Parkierch
Virowendmass op italienesch
Virowendmass op italienesch
17:30
Kapell Bireng
Virowendmass
Wuertgottesdéngscht
19:00
Virowendmass
Virowendmass
09:30
Parkierch
Kapell
Butschebuerg
09:30
Parkierch
Wuertgottesdéngscht
Gemeinschaftsmass op
portugiesesch
Gemeinschaftsmass
Gemeinschaftsmass op
portugiesesch
10:45
Parkierch
Hou- a Familljemass
Hou- a Familljemass
17:30
Parkierch
Eucharistësch Ubiedung
Eucharistësch Ubiedung
Méindes
10:30
CIPA
Mass
Wuertgottesdéngscht
Dënschdes
18:15
Parkierch
Kannerwuertgottesdéngscht
Kannermass
Kee Gottesdéngscht
Kee Gottesdéngscht
Mass
Mass
Eucharistësch Ubiedung
Eucharistësch Ubiedung
Sonndes
Mëttwochs
Donneschdes
09:15
Freides
18:30
Parkierch
Kapell
Butschebuerg
Hei ass déi provisoresch Gottesdéngschtuerdnung, sou wéi se momentan an der Par
Diddeleng stattfënnt, bis ech do Wunneng am Paschtoueschhaus bezunn hunn. Merci
och all menge Matbridder, déi mer an der Par Diddeleng (identesch mam Parverband
Diddeleng, wéi och am Parverband Helpert aushëllefen.
Ee grousse Merci alle Leit aus dem Parverband Helpert, déi bei der Installatiounsfeier
zu Diddeleng derbäi waren. Dat huet mer immens Courage gemaach, an ech hu mech
net sou friem gefillt! Merci!
Parverband St. Willibrord“ Helpert
Communauté des paroisses „St-Willibrord“ Helpert
Paroisses de Bissen (St-Étienne), Boevange-sur-Attert (Nativité de la Vierge Marie), Brouch (St-Mathias),
Buschdorf (St-Jean Baptiste), Greisch (St-Maximin), Saeul (St-Hubert), Septfontaines (St-Martin)
et Tuntange (SS-Pierre et Paul), ainsi que les filiales de Roodt (paroisse de Nospelt) et Marienthalerhof
(paroisse de Keispelt
Abbé Joël Santer
Paschtoueschhaus / Presbytère
61, route d’Arlon
L-7415 Brouch
Paschtouer a Moderator /
Tel. : 26 61 04 03
Fax: 26 61 09 03
Curé-modérateur
Email: [email protected]
---------------------------------------------------------------------------------------------------Huguette Muller-Kirsch
62, rue Ch.-F. Mersch
L-7790 Bissen
Tel. : 85 84 35
Fax: 26 88 50 20
Haaptamtlech Mataarbechterin
Email: [email protected]
---------------------------------------------------------------------------------------------------Sœur Alix Werné dc
Email: [email protected]
Bénévole Mataarbechterin
Secrétariat interparoissial du Helpert
Parverbandssekretariat Helpert
Mme Chantal LOTZKES, Sekretärin / Secrétaire
6, route de Mersch
L-7780 Bissen
Tel.: 835003-95 - Fax: 26887498 - Email: [email protected]
Permanencen: vun dënschdes bis freides vun 8 – 12 Auer;
Permanences: du mardi au vendredi de 8 – 12 heures.
Seulement en CAS D’URGENCE:
NOUTTELEFON (nëmmen bei wichtegen Urgencen):
Tel.: 621 180 205
Impressum:
Pastoralteam vum Parverband Helpert
c/o Abbé Joël Santer, Paschtouer
61, route d’Arlon
L-7415 Brouch
Redaktiounsschluss fir dee nächste Parbréif:
28. Mäerz 2014
De Parbréif N°3/14 geet vum 14. Abrëll bis den 1. Juni 2014
Pompes funèbres
WAGNER
45, rue Principale
Reckange/Mersch
-Cercueils
-Mise en bière
-Crémations et Urnes
-Transport national et international
-Toutes formalités et démarches
-Organisation de cérémonies
Tél: 32 92 27
(permanence 24h/24h)
Nós organizamos o repatriamento do defunto à Portugal assim que as
formalidades administrativas para o repatriamento.