LLJ•News

Lëtzebuerger Kathoulesch Männer
aktioun
fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement
LLJ•News:
Eng nei Zeitung fir d’Landjugend an d’Jongbaueren
Ë
nnert dem Titel LLJ•News bréngt
d’Lëtzebuerger Landjugend
a Jongbaueren a.s.b.l. vun
2017 un, hir nei Zeitung eraus. Eng
Schnupperausgab gouf schonn
Enn Oktober publizéiert an de roude
Fuedem vun den Artikelen huet sech
op d’Verännerunge bezunn, déi am
Laf vum Joer op strukturellem Niveau
vun eisen Associatioune realiséiert
goufen. Eng Rei Aarbechtsgruppen
hu sech zesummegesat an hu
versicht, ze kucken, wéi mer gestäerkt
an d’Zukunft kënne goen. Et gouf vill
iwwerluecht, diskutéiert a geschafft
an ech denken, datt mer mat dem
Resultat ganz zefridde kënne sinn. Op
dëser Plaz wëll ech all deene Merci
soen, déi sech un den Iwwerleeungen
an de Preparatioune bedeelegt
hunn, dëst um regionalen an um
nationalen Niveau. E grousse Merci
geet och un de François Glodt, eise
Permanent, an un eis Sekretärin,
d’Chantal Heuschling, déi sech op
eng fantastesch Aart a Weis fir déi
Jonk engagéieren!
D’Statute goufe geännert, d’Struktur
eiser Zäit ugepasst an och den
Numm huet sech geännert. An, wéi
gesot, et ass eis nei Zeitung, déi e
weidere Schrëtt Richtung Zukunft
bedeit. Dëse Schrëtt war sécher
keen einfachen. Iwwer 70 Joer hu
mer d’Duerf an Zesummenaarbecht
mat eise Frënn – der KMA –
publizéiert. Och wann eis Weeër
sech a punkto Zeitung elo vun 2017
un trennen, bleiwe mer awer sécher
a Frëndschaft verbonnen. Och Iech
all, léif Frënn vun der KMA, e ganz
grousse Merci fir all déi Jore vun
Zesummenaarbecht! Ech hunn an
deene Joren, wou ech selwer fir
d’Duerf-Zeitung geschriwwen hunn,
erliewe kënnen, datt mer ëmmer op
en oppent Ouer an e flott Gespréich
ziele konnten.
Wat geschitt elo? Ass alles eriwwer?
Ma nee! Et geet weider, an engem
neie Format, mat neien Iddien.
Eis nei Zeitung – d’LLJ-News –
presentéiert eng Rei Informatiounen:
Interessantes vun eisen Aktivitéite
vun der Landjugend, News aus de
regionale Gruppen, aus dem Beräich
vun der Landwirtschaft, vun de
verschiddenen Aarbechtsgruppen,
wéi zum Beispill dem Grupp Zuucht,
de Fleeschranner-Jongziichter oder
och dem Grupp Kommunikatioun
an der Landwirtschaft. Eis ONG huet
hir fest Plaz an och de spirituelle
Volet kënnt net ze kuerz. Nieft eisen
Artikelen an aktuelle Fotoen, sinn
et den Aktivitéitskalenner (vun de
regionalen an den nationalen
Aktivitéiten) an déi verschidde
Publikatiounen, déi äis um neiste
Stand halen.
Léif Frënn, mer soen Iech all Merci
fir Är Trei a mer hoffen, datt mer
Iech och mat eiser neier Zeitung
begeeschteren an op Ärem Wee
begleede kënnen. Wann Dir Froen
hutt, da mellt Iech einfach an
der Zentral vun der Lëtzebuerger
Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.!
All Guddes a bis geschwënn,
Romain Richer,
LLJ-Nationalaumônier
Mir wënschen eise Lieser a Memberen eng besënnlech Adventszäit
an e frout a geseente Chrëschtfest
Kathoulesch Männeraktioun (KMA) 5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 LUXEMBOURG
Tél. 447 43-251 –­­ Fax: 447 43-530 – E-mail: [email protected] – www.kma.lu
CCP: LU13 1111 0724 4179 0000 – Jorescotisatioun: 14 €
11-12/ 2016
November-Dezember
KMA
11-12/ 2016
aktioun
Trennung Kierch a Staat
Priedegt vum Här Chanoine Henri Hamus bei der Rentrée
parlementaire 2016, Dënschdes, den 11. Oktober 2016
„t
ass Kiermes am Duerf an de
Spillmann ass do” – d’Lidd vum
Leon Schaeler mam Text vum
Marcel Reuland dréckt eng gutt
Lëtzebuerger Aart aus: Kiermes, d’Fest
vum Weihedag vun der Kierch, gëtt mat
Musek an Danz a Volleksfest gefeiert.
Sou ass et zënter Joerhonnerten,
sou ass et nach haut, wou Kirchweih
vun der Kathedral a Fouersonndeg
zesummefalen, Kierchegesank an
Dréiuergel um Päerderchesspill,
Klacken an Danzmusek hunn zesumme­
gehéiert. Eng al a laang gutt Relatioun
tëscht Kierch a Liewe vun de Mënschen.
Fräi Deeg ginn op kierchlech Fester
zréck an droen e kierchlechen
Numm. Kalennerjoren a Wochen- a
Joresrhythmus verleegnen net hiren
Ursprong. Eng gutt Symbios, e gutt
Zesummeliewe vu Kierch a Gesellschaft.
Bis dann op eemol ee Partner d’Rela­
tioun opkënnegt. Wat laang gutt
war, soll net méi modern sinn! Et gëtt
d’Scheedung agereecht – aus wat fir
Grënn? Den ee Partner wëllt fräi sinn
– wëllt e sech anerwäerts bannen?
Jiddefalls soll et zur Trennung kommen,
zumindest op institutionellem Plang –
steet do hannendrun de Wonsch no
enger Trennung vu Kierch a Mënschen,
vu Kierch a Gesellschaft?
D’Scheedung ass gefrot, Gesetzer solle
se besigelen – d’Scheedung fir Koppele
soll jo och méi einfach ginn: Trei an
Zesummenhalen och a Schwieregkeete
schéngen net vu ganz groussem Wäert
ze sinn!
Wéi bei all Scheedung geet et net ouni
Wéi an Tréinen, zemol bei deem Partner,
deen am Stach gelooss gëtt. Bei dëser
Trennung vu Kierch a Staat ass et
d’Kierch, déi et uerg an haart trëfft. A
wéi bei all Scheedung sinn d’Kanner
déi Leidtragend: si gi souzesoe vun
der Mamm getrennt an däerfe bei hir
näischt méi léiere fir d’Liewen!
Gleeweg Chrëschten a Kierchgänger,
an doriwwer eraus vill Leit hei am Land,
hunn dat net gewollt, sinn iwwerrompelt
ginn a froen zum Deel traureg, zum Deel
awer och mat décker Roserei: war dat
do néideg? Firwat auserneerappen,
wat joerhonnertelaang an enger
gudder Symbios, an engem gudden
Zesummeliewen de Mënschen e Kader
gebueden huet, an deem ee sech fräi
konnt entfalen? Firwat Trennung aplaz
d’Relatiounen erneieren a verbesseren?
Firwat op eemol vum Staat de facto
opgezwonge kréien, datt Relioun
Privatsaach ass, datt Kierch a reliéis
Gemeinschafte keng Plaz méi am
ëffentleche Liewen hunn, datt
Kierchegebaier trotz hirer kultureller
Bedeitung, trotz hirem historesche
Wäert, trotz hirem geschichtlechen
Temoignage keng ëffentlech finanziell
Hëllef méi däerfe kréien, wa se weider
als Kierch genotzt ginn.
Ech hunn dëser Deeg vun engem Frënd
e Buch geschenkt kritt mam Titel: „Les
Tisserands – réparer ensemble le tissu
déchiré du monde” vum Abdennour
Bidar. Den Auteur ass net Chrëscht,
kann als onverdächtegen Zeie gëllen
och an eiser Situatioun.
Seng Grondthes ass: an der Welt
passéieren eng Millioun stëll Revolu­
tiounen. „J’appelle Tisserands les
acteurs de ces révolutions”. Si sinn an
dräi Richtungen um Wierk an huelen
dräi Verbindungen oder Fiedem op:
«Le lien retrouvé avec notre moi le
plus profond, source de vitalité et
d’inspiration créatrice.
2
Le lien retrouvé avec autrui, dans le
partage équitable, la tolérance et la
coexistence pacifique.
Le lien retrouvé avec la nature, fait
d’émerveillement, d’éveil à la puissance
de la vie, et de symbiose.»
Vill Malheur an eiser Welt an am Ze­
summe­liewe vun de Mënsche kënnt
aus dem Auserneerappen an dem
Zerschneide vu Fiedem, déi an hirer
Interaktioun, an hirem AneneeGewieft-Ginn déi Decke ginn, déi de
Mënsch a sengem Liewen de Raum
vun Heemlechkeet, vun Doheem gëtt.
D’Existenz vum Mënsch ass funda­
mental eng Existenz a Relatioun: „Etre,
c’est être relié”.
Ee Lien, den Auteur nennt en de „fil d’or”,
verbënnt mat der “source créatrice hors
univers. Là où il est coupé, la mort. Là
où il ne tient plus aussi solidement
ensemble les fils de l’être, la division”.
Virun deem Constat kënnen a musse
mir äis froen, ob a wéi mir dee „fil d’or”
haut a virun allem deene kommende
Generatioune wëlle garantéieren. An
ob a wéi mir iwwerhaapt dat Netz vu
Relatiounen a Verbindunge knäppen,
dat de Mënsch virun der Isolatioun
schützt an e befreit aus der Engt vun
engem Bildschierm, ob kleng oder
grouss, mat enger virtueller Realitéit. De
Mënsch, an absënns de jonke Mënsch,
brauch Perspektiven an Horizonter,
däerf een haut nach soen Idealer, fir
déi et derwäert ass, ze liewen!
De Bidar schwätzt vun erneierbaren
Energien. „Ce ne sont pas uniquement
le pétrole et le gaz qui demandent
à être remplacés. Mais, de manière
complémentaire, probablement plus
cruciale encore, nous aurons, pour
nous nourrir nous-mêmes, besoin
d’autre carburant! Nous aurons à
remplacer, pour alimenter nos vies,
les énergies fossiles de la société de
consommation par les ressources
aktioun 11-12/ 2016
infinies de ce que Henri Bergson
appelait l’énergie spirituelle, et dont le
Triple Lien est le canal”.
Haut vun Trennung ze schwätzen, réckelt
da geféierlech no un eng Attitude
suicidaire! Méi wéi Trennung brauche
mir haut Connexion, Mise en relation,
Verlinkung an als Acteure sou Wiewer,
net nëmmen fir de www oprecht ze
erhalen, mais fir de Mënschen déi
Kanäl zougänglech ze maachen, déi
lieweserhalend, lieweswichteg sinn.
„Tout ce qui est mal connecté meurt
plus vite, tout ce qui n’est pas alimenté
par ces sources qui le régénèrent
dégénère”.
Äis läit all eppes un de Mënschen – äis
läit och drun, de Mënsch net kleng
ze maachen, e net ze reduzéieren
op Konsum an Amusement, op
Leeschtung a Rendement. De Mënsch
ass Bierger vun zwou Welten, hien ass
Kierper a Geescht. All Spaltung an all
Eesäitegkeet ass zerstéieresch. Och déi,
déi sech dem Mënsch zu Déngschte
ginn, hunn all Intérêt, sech net
auserneen ze dividéieren – op d’Gefor
hin, och de Mënsch ze zersplécken an
e krank, schizophren ze maachen.
Mir däerfen äis als Tisserandë verstoen,
déi mateneen un deem Netz wiewen,
dat dréit, dat e Plus d’âme garantéiert
an déi wesentlech Relatiounen an
enger komplexer Welt opbaut an erhält.
Wéi de Bidar schreift, d’Tisserandë si
sech bewosst, datt se dem Mënsch visà-vis nimools d’Haltung kënnen hu vun
„non-assistance à personne en quête
de soi”.
T’ass Kiermes am Duerf an de Spillmann
ass do – et geet ëm eng eescht Saach,
Politikus-s
Wirtschaftswachstum …
… muss her, sonst?
Den Christen wird geraten sie sollen
sich nicht zurückhaltend benehmen,
sondern sich aktiv in die Politik einmischen. Damit ist selbstverständlich nicht
Parteipolitik gemeint. Wohlan denn, mit
dieser neuen Rubrik Politikus-s wollen wir
uns darin versuchen.
Sonst … können wir in Zukunft unsere
Renten nicht mehr garantieren, sollte
die Zahl der Arbeitnehmer nicht andauernd steigen. Sonst ... gehen wir den
Krebsgang. Sonst … wird es nicht möglich sein die Steuereinnahmen zu erhöhen. Sonst … wird es unmöglich werden
unser jetziges Lebensniveau beizubehalten. Sonst … usw. Die Zahl der Einwohner steigt rasant, auch wenn noch
weit entfernt von 1.100.000 Einwohnern.
Zugegeben, Großraumwohnen ist nicht
jedermanns Sache und auch nicht unbedingt schön wie z.B. auf Belval Plaza
(Gemeinde Esch, unser Bild). Hier befinden sich in 3 großen Wohnblöcken
240 Appartements. Könnten sie sich vorstellen dass an dieser Stelle 240 Häuser
gebaut worden wären? Ich jedenfalls
nicht. Luxemburg darf nicht zubetoniert
werden, also muss in die Höhe und in
die Tiefe gebaut werden. Bei der vor
kurzem stattgefundenen Podiumsdiskussion ,Wie sollte Luxemburg seine Ent-
KMA
fir déi mir all, Kierch a Politik, Chrëschten
an ëffentlech Verantwortungsträger,
Mënsche gudde Wëlles vun alle Bordën,
och selwer Hëllef vu méi grouss wéi mir
brauchen – de Bidar seet de fil d’or –
mir soen hei an der Kierch den Hellge
Geescht, Gottes Kraaft a Bäistand.
Gottes Geescht ass e Geescht vu
Gemeinschaft – vun der Symbios – den
Diabolos ass deen, deen zerrappt an
zerstreet an trennt!
De Mënsch, eis Lëtzebuerger Gesell­
schaft, eis kulturell sou divers a räich
Villfalt brauch Zesummenhalt, brauch
all Acteuren, och Relioun a Kierch an
engem gudden a fairen Zesummespill,
brauch Tisserandën, déi un deem
groussen a gudde Netz wiewen, fir datt,
wéi den Albert Schweitzer gesot huet,
„der Mensch nicht zu Schaden kommt.”
tel Stunde ein Zug. Wir dürfen nicht mehr
den Wachstums­theorien der 80er-Jahre
anhängen wo es hieß immer mehr produzieren und mehr konsumieren. Wenn
wir die Aussagen von Papst Franziskus
in seinem Schreiben ,Laudato si’ ernst
nehmen, dann müssen wir auf einen
anderen Lebensstil setzen und es darf
nur ein qualitatives und umweltfreundliches Wachstum geben. Ein Kuss für unsere einsichtigen Politiker? Im Falle eines
gemäßigten Wachstums: ja!
Es sei noch bemerkt dass in dieser Rubrik nicht geschrieben wird wie es unsere
Altvorderen taten ,Wir von der KMA’,
sondern es ist allein die Meinung des
Artikelschreibers.
Fly
F
de
loumaart
wicklung steuern?’ sagte unser Nachhaltigkeitsminister folgendes: Wenn wir
so weitermachen wie in den letzten 25
Jahren, erwarten uns katastrophale
Konsequenzen. Auch das Verkehrsaufkommen braucht effiziente Lösungen.
Die Autobahnen dreispurig ausbauen?
Nein, sagt der Méco, dann haben wir
Stau auf drei statt auf zwei Spuren. Ich
fahre mehrmals pro Woche zur benevolen Arbeit in unsere Hauptstadt. Dabei
benutze ich regelmäßig den Zug, vom
Bahnhof Belval-Université fährt jede vier-
Die Waffen nieder
Rache und immer wieder Rache!
Keinem vernünftigen Menschen
wird es einfallen, Tintenflecken mit
Tinte, Ölflecken mit Öl wegwaschen
zu wollen. Nur Blut, das soll immer
wieder mit Blut weggewaschen
werden.
Bertha von Suttner
Friedensnobelpreis 1905
3
KMA
11-12/ 2016
aktioun
Besichtigung des neuen Viertels Belval Plaza
A
m 19. Oktober hatte der KMA-Kultur- & Seniorendienst eingeladen
zu einer geführten Besichtigung
von Belval Plaza wo noch zwei restaurierte Hochöfen erhalten sind und die
neue Universität eine Heimstätte gefunden hat. Der Rundgang begann im
Gebäude ,massenoire’ gegenüber der
Rockhalle (le bâtiment «massenoire»
servait autrefois de lieu de production à
la masse de bouchage du trou de coulée du haut-fourneau). In diesem Raum
gab es Erläuterungen und einen Film
zur über hundertjährigen Geschichte
der Eisenindustrie in Luxemburg. In der
Gießhalle befindet sich z.Z. eine Fotoausstellung über die Entwicklung der
Eisen- und Stahlindustrie. Wir bestiegen
den Hochofen A bis zu einer Höhe von
In der Gießhalle vor dem Hochofen A von Profil-Arbed
Das Denkmal zu Ehren der Stahlarbeiter
45 Metern wo man eine schöne Aussicht auf das gesamte Areal genießen
kann. Durch die Erklärungen zum Funktionieren eines Hochofens wurden wir
uns bewusst dass die Arbeit am Hochofen schwer und gefährlich war. Der
letzte Hochofen erlosch im Jahre 1997
mit dem Übergang zum Elektrostahlverfahren. 1974, dem letzten Jahr der
,dreißig glorreichen Jahre’ (1945-1975),
beschäftigte diese Industrie noch etwa
25.000 Personen. Einige der Hochöfen
wurden abgebaut und in China wiederaufgebaut, von diesen ist heute
noch einer in Vietnam in Betrieb. Unsere Stahlprodukte genießen weltweit
einen guten Ruf. So ist der FreedomTower in New York und das Burj-Al-Arab
in Dubai mit Stahlträgern von Differ-
dingen gebaut. Vor etlichen Jahren
konnte ich in Uruguay feststellen, dass
dort zum Bau eines Flusshafens am Rio
Uruguay Spundbohlen (palplanches)
vom Werk Esch-Belval verarbeitet wurden. Unser Rundgang zeigte uns die
Universität (Maison du Savoir), das eigenartige Gebäude der Uni-Bibliothek,
sowie verschiedene Überbleibsel des
Stahlriesen Arbed. Unser Guide kennt
sich wirklich gut aus auf diesem Gebiet, dauerte die Tour doch runde drei
Stunden. Das anschließende gemeinsame Mittagsmahl hatten wir uns redlich verdient. Es sei nebenbei bemerkt
dass der KMA-Generalsekretär seinen
Wohnsitz auf Belval Plaza hat.
W.F.
KMA aktioun 2017
,aktioun’ Januar 2017
Well d’Lëtzebuerger Landjugend & Jongbaueren (fréier
Jongbaueren & Jongwënzer) vum Januar un hir eegen
Zeitung eraus gin (LLJ•News) musse mir och eis
,aktioun’ an engem neie Format (6 Säiten a farweg)
erausgin. Lieser vum ,Duerf’ déi weiderhin eis Zeitschrëft
,aktioun’ kréie wëllen, kënnen dat machen andem si de
Betrag vun 14 € op eise Postscheck CCPLLULL LU13 1111
0724 4179 0000 iwwerweisen. Et ass och méiglech e
Prouwexemplar vun eiser neier ,aktioun’ vum Januar
gescheckt ze kréien (Tel. 44743-251, Fax 44743-530).
De Redaktiounsschluss fir déi nei farweg ,aktioun’ Januar
(Farw gro) ass den 2. Januar. Si kennt den 16. Januar eraus
4
St. Willibrord
Ein ausführlicher Bericht von unserem Pilgertag in
Echternach vom 12. November wird in der Januarnummer
unserer ,aktioun’ erscheinen (mit Fotos in Farbe).
aktioun 11-12/ 2016
KMA
70 Jahre ACFL
-Aktivitäten
L’Afrique revisitée
E Mëttwoch, de 14. Dezember um 14h30
weist de Kultur- & Seniorendengscht
Biller vum Willy Fuchs iwwer seng net
ganz onproblematesch Rees an de
Rwanda an de Kongo. Dëse Virtrag get
ofgeschloss mat enger klenger Agape.
Jidfereen ass bei freiem Entrée am
Convict häerzlech agelueden. E puer
Fotoen waren an der aktioun vum Juni
a vun Juli-August ze gesin (L’Afrique
revisitée).
A
m 21. Oktober hatte die ACFL zur
Feier ihres siebzigjährigen Bestehens in das Schloss Bettemburg
eingeladen. Großer Bahnhof war angesagt. Als Ehrengäste waren erschienen: die Großherzogin, Erzbischof
J.-C. Hollerich, Kammerpräsident
Mars Di Bartolomeo, Lydia Mutsch,
Ministerin für Chancengleichheit,
Corinne Cahen, Familienministerin,
Laurent Zeimet, Bürgermeister der
Gemeinde. Alle Redner würdigten
die Arbeit und den Einsatz der Fraen
a Mammen während all diesen Jahrzehnten. In den zahlreichen Sektionen
wurde eine bedeutende Summe zusammengetragen welche nationalen
sowie internationalen Organisationen
als finanzielle Hilfe zugedacht wurde.
Hier seien auch die Solidaritätsaktionen der Jubilarin hervorgehoben. Ein
Videoclip zeigte die vielfältigen Aufgaben welche von den Mitgliedern
durchgeführt wurden, etliche erläuterten ihren uneigennützigen Einsatz.
Die ACFL ist auch verantwortlich für
die Kindertagesstätte ,Sieweschléiferhaus‘ in Gasperich. Im Conseil National des Femmes du Luxembourg stellt
die ACFL mit Mme Janine Reuland zur
Zeit die Präsidentin. In einem eher politischen Diskurs meinte der Kammerpräsident betreffend die Trennung
von Kirche und Staat, es sei noch
Luft nach oben. Schöne Worte, aber
was mag dies in der Praxis bedeuten?
Auch die Mitarbeit in der Agence du
Bénévolat kam zur Sprache.
Hier darf gesagt werden dass die Arbeit in der KMA, auch im Nationalbüro,
seit ihrem Bestehen ausschließlich von
Freiwilligen durchgeführt wurde. Die Zusammenarbeit zwischen ACFL und KMA
ist zwar existent, in ihrem Wesen eher
bescheiden. Im Jahre 2018 darf die
KMA ihr vierzigjähriges Bestehen – als
Nachfolgeorganisation der ACHPF (Action Catholique des Hommes et Pères
de Famille) – feiern, also noch weit von
siebzig. Den Fraen a Mammen rufen wir
zu: Ad multos annos!
Sozialkreis 2017
Eis nächst Sozialkreesser fänken un en
Densdeg, den 10. Januar am Convict um
19 Auer an Sall um 1. Stack am Bloc G.
Dës Konferenz ass eng Aféierung an den
Islam vum Här Prof. Abbé Jean-Jacques
Grosber. Hei gi mir méi gewuer iwwer
Aspekter, Usiichten an Iwwerraschungen
am Islam. Wéi emmer ass jidfereen bei
freiem Entrée häerzlech agelueden.
5
KMA
11-12/ 2016
aktioun
Antarktis, Klimapakt und Laudato si
O
b die Akteure der Kommission
für die Erhaltung der lebenden
Meeres­schätze in der Antarktis bei
ihrem Beschluss zur Festlegung eines
Schutzgebietes in einem Teil des Südpols, dem ökologisch bedeutsamen
Rossmeer, wohl Laudato si gelesen
haben? Wie auch immer, dass es dazu
kam ist äußerst lobenswert. In diesem
Gebiet, welches mit über 1,5 Millionen
Quadratkilometern so groß ist wie Frankreich, Deutschland und Großbritannien
zusammen, ist also für 35 Jahre der
kommerzielle Fischfang verboten. Wegen der Unwirtlichkeit dieser Gegend ist
das Ökosystem noch größtenteils intakt.
In der jetzt geschützten Schatzkammer
leben zahlreiche einzigartige Lebewesen wie z.B. Krill und kleine Fischarten
welche den Meeressäugern – Wale,
Pinguine, Seelöwen, Robben, Walrösser – als Lebensgrundlage dienen. In
der australischen Stadt Hobart einigten
sich 24 Staaten und die EU auf diesen
Kompromiss.
In diesem Punkt ist man also der Erhaltung unseres gemeinsamen Hauses
näher gekommen. Was das Pariser
Klima­abkommen betrifft so bleibt noch
viel zu tun. Dieses muss noch von den
28 EU-Ländern ratifiziert werden. Da 55
Länder mit 55 Prozent des weltweiten
Treibhausgasausstoßes den Klimapakt
ratifiziert haben, ist er in Kraft getreten.
Jedoch werden laut einem Bericht des
Umweltprogramms der Vereinten Nationen UNEP die vereinbarten Ziele von
Paris kaum bis zum Ende des Jahrhunderts erreicht werden. Die Anstrengungen zur Deckelung der Erderwärmung
müssen noch erhöht werden. Das Pariser Abkommen sieht auch eine stärkere Bekämpfung der Armut vor. An der
praktischen Umsetzung verschiedener
Ziele von Laudato si muss noch gefeilt
werden. Ein neuer Klimagipfel, COP22,
tagt vom 7. bis 16. November in Marrakesch. Eine Frage an unsere Frau Umweltministerin: was bringt diese Konferenz außer einem Aufenthalt in einer
Ortschaft deren Altstadt wie ein Traum
aus Tausendundeinernacht erscheint?
In Luxemburg erwartet man in Kürze das
Resultat einer Studie über den Tank­
tourismus. Hoffentlich platzt diese nicht
wie eine Seifenblase. Wie sagte ein
Bauer: ,Wien seng Kou op d’Maul schleet,
dien schleet säi Portemonni op d’Maul!’
GJF
Haïti
Nach dem Durchzug des Hurrikans Matthew im Oktober auf
Haïti ist die Lage katastrophal und scheint sich noch zu verschlimmern. Und im Index für humane Entwicklung der Vereinten
Nationen steht Haïti auf Platz 163
von 188 Ländern. Deshalb wurde
im Vorstand der KMA beschlossen eine humanitäre Nothilfe
von 2.000 € aus dem Fundus des
ehemaligen KMA Service Tiers
Monde a.s.b.l. ONG zu spenden.
Dieser Betrag wurde an die Organisation ,Objectif Tiers Monde’
(OTM) überwiesen. Diese engagiert sich seit über 30 Jahren
mit dem Ziel Hilfe zur Selbsthilfe
zu schaffen. So wurden nach
dem Erdbeben von 2010 mit Hilfe
von Stahlträgern aus Luxemburg
6
erdbebensichere Schulen gebaut. Dank den Hochspannungselektrikern unserer nationalen Elektrizitätsgesellschaft konnte in
etlichen Orten elektrisches Licht eingeführt werden. Wegen der
seit Jahrzehnten durchgeführten
Entwaldung beteiligt sich OTM
an der Wiederaufforstung. In einer Berufsschule werden Handwerker ausgebildet um später
selbständig arbeiten zu können.
Die Projekte von OTM sind in der
Tat mannigfaltig. In der KMASektion Lorentzweiler konnten wir
uns schon vor Jahren an Hand
von Filmvorführungen von der
praktischen Arbeit dieser Organisation in Haïti überzeugen.
WF