porblad - Porverband Cliärref

PORBLAD
PORVERBAND CLIÄRREF
13.AUGUST – 25.SEPTEMBER 2016
WWW.PARVERBAND-CLIERF.CATHOL.LU
In Banneux sind wir
eingeladen durch die
“Heilige Pforte” ins
Heiligtum einzutreten.
2
< Barmhäerzeg wéi de Papp >
Das nennt man eine religiöse Erfahung :
die Verblüffung, dass jemand da ist, der
auf Sie wartet. Von diesem Moment an
ist Gott für mich derjenige gewesen, der
mich zuerst gefunden hat. Ich suche ihn,
doch Er sucht mich auch. Ich wünsche ihn
zu finden, doch Er findet mich als
erster. »
Ënnert dësem Motto steet eis desjährig
Pilgerfahrt op Banneux. <Misericordias
Domini in aeternum cantabo>, esou sangen
mer an engem Refrain, Dasdes den
13.September zu Banneux. An och do gi
mer agelueden duerch eng sougenannt
« Helleg Paart » ze goen, am < Hellege
Des Erfahrung war den Ufank vum Jorge
Joer vun der Barmhäerzegkeet >.
Bergoglio senger Beruffung. Et war op
engem 21.September – um Fest vum
Apostel an Evangelist Matthäus.
Et ass dofir keen Wonner dass de
spéidere
Poopst
Franziskus
dat
Evangelium vun der Beruffung vum
Steierandräiwer
Matthäus
oft
a
Betruecht gezunn hunn. De Jesus huet de
Matthäus, deen als Sender vun de Leit
gemidden ginn ass, mat engem Bléck voller
Et ass de Poopst Franziskus selwer deen Barmhäerzegkeet ugekuckt. Hien rifft
dëst <Hellegt Joer> initiéiert huet. hien a mécht aus him een Zeien vu senger
Wouhier kënnt dat ? De Jorge Bergoglio Barmhäerzegkeet.
haat nach net grad 17 Joer, wou hien eng
Erfahrung vun der Barmhäerzegkeet
gemaach huet, eng Erfahrung déi säin
Liewen gepräägt huet. Et war den
21.September wou hien – virun enger
Studentenfeier – decidéiert seng Por San
José zu Buenos Aires opzesichen. An
dobäi begéint hien engem Priister deen
hien net kennt a bei deem geet hien
beichten. Den Poopst Franziskus erzielt
seng Erfahrung mat dëse Wierder :
« Bei dieser Beichte ist mir etwas
Sonderbares passiert, ich weiss nicht,
was es war, doch hat es mein Leben
verändert. Ich würde sagen, ich bin
überrascht worden, weil ich mich
geöffnet habe…. Es war eine wirkliche
Überraschung und eine verblüffende
Begegnung. Ich verstand, dass jemand auf
mich wartete.
Iwwregens ass dësen Dag (21.September)
an der südlecher Hemisphäre (duerzou
gehéiert Argentinien) den Fréijorsufank.
An et ass net verwonnerlech, wann de
Franziskus vun engem <neie Fréijoer> och fir eis Kierch - dreemt......
virausgesat, mir sinn oder ginn Zeien vun
der bedingungsloser a baarmhäerzeger
Léift vum Härgott.
Dechen Jos Roemen
3
GOTTESDINGSCHTUËRDNUNG
An diesem Sonntag: < Wutrede Jesu >…
… gegen den Kuschelglauben, der nicht anecken will.
… gegen das Harmoniegesülze, das sich nicht entscheidet.
… gegen das ängstliche Wegducken, das stets dazugehören will.
Liebe junge Menschen, habt keine Angst, endgültige Entscheidungen im Leben zu
treffen. Habt Vertrauen, der Herr lässt euch nicht allein!
Papst Franziskus
Samschdeg, den 13.August:
Cliärref:
Hengescht:
14,30
18,30
Léiler:
18,30
Hochzäit: Philippe SPERBER – Joëlle BAULESCH
Virowendmass:
1.Joermass Jean ZENNER
Joermass Christian LEINER
Aloyse SCHANCK
Famill SCHROEDER-COLBACH
Virowendmass:
Joermass Joseph REIFFERS
Josy SCHANCK (R.)
Marie a Josy SCHANCK-PETERS
Familjen Urbain SCHON a JODOCY-SCHMITZ
Mass “Op Meenung” (M.)
Sonndeg, de 14.August: Hl.Maximilian Kolbe (+ 1941)
Cliärref:
9,30
Wäicherdang: 10,00
Maarnich:
10,30
Houmass:
Henri a Finy BRACONNIER-KREIN
Ralph DUHR
Jean MATHIEU
Marie an Alex DAHM-BARTHOLME
Houmass
Houmass:
Mass z.E. v.d. Muttergottes (B.)
5.Wm. Pierre EICHER
Henriette KRAUSCH-PAULY
Marianne SCHULLER-WILHELM
Marechen JACOBS
Kollekt: fir d’Kierch
4
FEST DER AUFNAHME MARIAS IN DEN HIMMEL
FÊTE DE L’ASSOMPTION
Sonndeg, de 14.August:
Kollekt: fir d’Kierch
Munzen:
18,00
Hengescht:
18,30
Virowendmass:
Jeannot PÜTZ
Emil, Yvonne an Tilla RODESCH
Eheleit HOFFMANN-BLASEN
Jean KEIFFER
Maisy a Jos BERGER-SCHMITZ
Fam. Nicolas THELEN a
Schwëster Marie-Gertrude BAULESCH (F.M.)
Virowendmass:
Joermass Regina HOLSTEIN-MICHELS
Johny a Marechen KREMER-SPAUS
Eheleit KREMER-SCHROEDER
Méindeg, de 15.August:
Op desem Fest gët an all Mass a Virowendmass de Krautwësch geseent
Cliärref:
Lieler:
9,30
10,00
Houmass :
Fränk SCHICKES a Famill
Jean-Marie a Marc WILMES
René THULL a Marie MACK
Houmass:
Mass zu E. v. d. Muttergottes vu Lourdes
Aloyse a Marechen ANTONY
Triny a Nicolas KREINS-REISER
Famill LENERS-POST
Maria BLASEN
Marechen a Josy FREICHEL-WAXWEILER; Camille FREICHEL
Marechen a Camille SCHROEDER-FREICHEL; Gasty KREMER
Famill REITZ-HEINEN-PLETSCHETTE
Famill HEINEN-SCHMITZ
.... uschléissend: Muttergottes- a Sakramentsprëssioun
(bei schlechtem Wiëder wär Rousekranzgebiët an Anbetung a.d. Kierch)
Wäicherdang: 10,00
Houmass
5
Hëpperdang: 20,00 bei der Lourdes-Grott:
Mass z.E. v.d. Muttergottes
Liëwend a verst. Memberen v.d. Frâen a Mammen
Alphonse BERTEMES a Marie MOLITOR;
Marguerite, Josy a Leo BERSCHEID
Josy BERSCHEID
Pierre a Mathilde MEYERS-NEUMAN
Albert JANS a Fam. JANS-ERPELDING
Famill THIELEN-SCHROEDER
Famill BISSENER-SCHANCK
Ketty JACOBY-BERCKELS
..... uschléissend: Sakraments- a Lichterprëssioun
(bei schlechtem Wiëder wär d’Mass a.d. Kierch)
------------------------------------------------------------------------------
Mitten in den Ferien – im Römischen Reich waren Mitte August die feria
augusta, die Augustferien – feiert die Kirche am 15. August das Fest
Mariä Aufnahme in den Himmel. Ein österliches Fest, das nicht nur mit
Maria zu tun hat, sondern ganz wesentlich mit uns. Maria steht an diesem
Fest stellvertretend für jeden Menschen. Auch unser Leben, sagt dieses
Fest, endet nicht im Tod, sondern wird aufgehoben in Gottes Nähe.
Dasdes, den 16.August:
Résidence:
10,30 Rousekranzgebiët
11,00 Gemeinschaftsmass:
6.Joermass Théo LAMBERTY
Pauline SCHMITZ-WILMES
Josy LANNERS
Mëttwoch, de 17.August:
Eselbur:
18,00 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
18,30 Gemeinschaftsmass
Donneschdeg, den 18.August:
Grandsen:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass „Op Meenung“
Wäicherdang: 19,00
Gemeinschaftsmass zu Éieren vun den 14 hl.Nouthelfer
Freideg, den 19.August:
Cliärref:
18,00 Rousekranzgebiët
18,30 Gemeinschaftsmass:
Famill LENTZ-THIELEN
Gebetsmeinung
des Papstes für August
Wir beten, dass der Sport die Völker zusammenführe und einen
Betrag für den Frieden leiste.
Wir beten für die Lebendigkeit des Evangeliums durch das Zeugnis
des Glaubens, des Respekts und der Liebe zum Nachbarn.
6
Samschdeg, den 20.August: Hl.Bernhard v. Clairvaux (+1153)
Cliärref:
18,30 Virowendmass:
Joermass Gaby DAHM-SCHMITZ
Aloyse SCHANCK
Famill SCHROEDER-COLBACH
Hengescht:
18,30 Virowendmass:
Fernand SCHANCK a Famill
Eselbur:
19,00 Virowendmass
Kollekt: fir d’Kierch
Sonndeg, den 21.August: Reiler Kirmes
Reiler:
9,00 Kirmesmass:
Fred REILAND
Marie an Théidi
SCHLECHTER-HEINEN
Fam. BISSENER-THELEN
Wäicherdang: 10,00 Houmass:
Famill REINERS-BEVER
Maarnich:
10,30 Houmass:
6.Wm. Pierre EICHER
Marianne SCHULLER-WILHELM
Henriette KRAUSCH-PAULY
Méindeg, den 22.August: Mariä Königin
Cliärref:
8,30 Rousekranzgebiët
9,00 Gemeinschaftsmass
Dasdes, den 23.August: Hl.Rosa vu Lima (+1617)
Résidence:
10,30 Rousekranzgebiët
11,00 Gemeinschaftsmass:
Tilly FAUTSCH-THILGES
Famill BONTEMPS-CUVELIER
Famill JOURDAIN-THEISEN-LANNERS
Mëttwoch, den 24.August: Hl.Apostel Bartholomäus
Ischpelt:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass:
Famill KOCH-SPAUS
Verantwortlich ist man nicht nur für das, was man tut, sondern auch für das, was man nicht tut.
Laotse
7
Donneschdeg, den 25.August:
Ruader:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass:
Lydie SCHROEDER-FUNK
Marie a Nic SCHAACK-LENTZ
Famill CARIER-SCHILLING a CARIER-FEINEN
Stëftung Familjen BRACHMOND, THEIS a Wohltäter
Freideg, de 26.August:
Cliärref:
18,00 Rousekranz
18,30 Stëftung Alfred an Alice MARTH-FISCHELS a Famill
8
Samschdeg, den 27.August: Hl.Monique (+ 387)
Wäicherdang: 11,00 Daffeier: et gët opgeholl an eis chrëschtl. Gemeinschaft:
Yann LAPLUME an Anna GROTENRATH
Maarnech:
17,30 Rousekranzgebiët
18,00 Virowendmass:
Jos a Laure TRAUSCH-KNEIP, Marie ETGEN-KNEIP
Ben WOLTER; Jeannot PÜTZ
Henriette KRAUSCH-PAULY
Cliärref:
18,30 Rousekranzgebiët
Hengescht:
19,00 Virowendmass:
Fernand SCHANCK a Famill
Sonndeg, den 28.August: Hl.Augustinus (+430)
Kollekt: fir d‘Kierch
Cliärref:
9,30 Houmass:
1.Joermass Josy LINCKELS
1.Joermass Marguerite MAERTZ-DAUBACH
4.Joermass Jean MATHIEU
Sisy KETTEL-FLESCH
Sanny a Peter THIBOL-KOHNEN
Famill WILMES-WEBER
Wäicherdang: 10,00 Houmass:
Joermass Yvonne AREND-MANGEN
Léiler :
10,45 Houmass :
Joermass Anna SCHMITZ-SCHROEDER
Schwester Joseph-Marguerite REIFFERS
Famill FABER-STECKER a FABER-GENNES (M.)
Stëftung Famill BLASEN-KOB
Die Berufung ist nicht ein Auftrag, bestimmte Dinge für
Gott
zu
erledigen,
Gemeinschaft.
sondern
die
Einladung
in
eine
(Magnus Malm)
9
Méindeg, den 29.August: Joresdag v.d. Wei v.d. Kathedral vu Lëtzebuerg
Cliärref:
8,30 Rousekranzgebiët
9,00 Gemeinschaftsmass
Dasdes, den 30.August:
Résidence:
10,30 Rousekranzgebiët
11,00 Gemeinschaftsmass:
Pauline SCHMITZ-WILMES
Jos JOURDAIN
Mëttwoch, den 31.August: Hl.Paulinus (+358)
Fëschbich:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass:
Aloyse a Marie SPAUS-SCHROEDER
Norbert LANNERS-DIRKES
Michel a Marie SPAUS
Famill SPAUS-SCHAUL-LAFLEUR
Donneschdeg, den 1.September:
Maarnech:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass:
Stëftung Familjen JACOBS, THEISEN, THOMMES
Stëftung Familjen GROTZ, JACOBS, BOEVER
Grandsen:
19,00 Stëftung Famill REIFFERS-MEYERS-GIERENZ
Freideg, de 2.September: I.Freideg
Cliärref:
18,00 Rousekranzgebiët
18,30 Stëftung als Joermass Raymond WIEBESCH
< Der einzige Koffer, den wir ins Jenseits mitnehmen,
ist der Koffer der Nächstenliebe >
(Mutter Teresa)
10
Samschdeg, de 3.September: Hl.Gregor de Gr. (+604)
Hengescht:
18,30
Cliärref:
18,30
Hëpperdang: 19,00
Reiler:
19,00
Kollekt: fir d’Kierch
Virowendmass:
Fernand SCHANCK a Famill
Rousekranzgebiët
Virowendmass:
Albert JANS a Fam. JANS-ERPELDING
Famill BERTEMES-BERSCHEID
Virowendmass
Sonndeg, den 4.September: Cliärrwer a Munzer Kirmes
Kirmesmass:
Joermass Denise SCHMIT-ZATORSKA
Peter THIBOL (b.v. Stamminee)
Famill SCHROEDER-COLBACH
Stëft. Fam. Jean MATHIEU-KRAUSER
Wäicherdang: 10,00 Houmass:
Joermass Aloyse FELTEN
Munzen:
16,00 Kirmesmass:
Jeannot PÜTZ
Eheleit MEYERS-ERNZEN
Marianne SCHULLER-WILHELM
Roger a Laurent THELEN; Famill Nicolas THELEN
Famill RODESCH-LINDEN-SCHMIT
Famill PÜTZ-THEIS-GIERETZ
Famill KEIFFER-BECKER a POST-KREMER
…uschléissend: Griëwerseegnung
Méindeg, de 5.September: Cliärrwer Kirmesméindeg
Cliärref:
10,00 Mass fir all Verstuërwen aus der Por
… uschléissend: Griëwerseegnung (wann d’Wiëder et erlaabt)
Dasdes, den 6.September:
Résidence:
10,30 Rousekranz
11,00 Gemeinschaftsmass:
Théo LAMBERTY
Alphonse BLESER
Ketty SCHROEDER-REITZ
Cliärref:
9,30
11
Mëttwoch, de 7.September:Massendingerausflug op Brühl
Wiën reegelméissig dingen kënnt, deen kann sëch bis den
31.August umelden (Gidd desen Ziëdel a.d. Sakristei of)
Dest ass eng kléng Unerkennung fir all déi Massendinger déi
ëmmer trei am Dingscht sin.
Départ v. Bus :
Eselbur : 7,25 Auer
Cliärref (Pl.libération) : 7,30 Auer
Reiler (St.Hubert) :7,32 Auer
Maarnech(Kierch) : 7,36 Auer
Fëschbich : 7,40 Auer
Ischpelt :7,45 Auer
Hëpperdang : 7,50 Auer
Héinescht (Cornelyshaff): 7,55 Auer
Kanner vu Munzen, Ruader,Kaalber,Léiler a Granzen sollen op des Sammelplaaze
kommen
Géint 17,30 Auer fuere mer zu Brühl erem fort fir Heem, wou mer dann géint 20 Auer
erem op deenen verschiddenen Haltestellen ukommen weerten. Bus an Entrée bezuëlen
déi verschidde Kierchefabriken. D’Kanner huëlen e puër € mat fir Mëttes am Park (Iëssen)
Umeldung fir de Massendingerausflug
Heimat melden mer eis(t)(en)
Numm :
Virnumm :
Adress :
Telefon :
fir de Massendingerausflug vum 7.September 2016 un.
…………………………………………………
Ënnerschrëft vun den Elteren
12
Donneschdeg, den 8.September: Mariä Geburt
Fëschbich:
18,30
Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00
Gemeinschaftsmass:
Marco SPAUS
Josy LINCKELS
Yvonne KREMER-CANNELS
Anna an Emile SPAUS
Aloyse a Marie SPAUS-SCHROEDER
Marcel a Marie-Madeleine LANNERS
Reiler:
19,00
Gemeinschaftsmass:
Fred REILAND
Wäicherdang: 19,00
Mass z.E. v.d. Muttergottes
Freideg, de 9.September: Hl.Petrus Claver (+1654)
Cliärref:
18,00 Rousekranzgebiët
18,30 Stëftungsmass Dechen François SCHAACK;
Fam. PELKES, MAERTZ a CUVELIER-LUTGEN u.a.
13
Samschdeg, de 10.September:
Maarnech:
17,30 Rousekranzgebiët
18,00 Virowendmass:
Jeannot PÜTZ
Ben WOLTER
Marianne SCHULLER-WILHELM
Henriette KRAUSCH-PAULY
Cliärref:
18,30 Rousekranzgebiët
Hengescht:
18,30 Virowendmass:
Mass „Op Meenung“ (K.)
Clervaux:
19,30 Missa em portuguès
Sonndeg, de 11.September:
Kollekt:fir d’Kierch
Cliärref:
9,30 Houmass
Wäicherdang: 10,00 Houmass:
Famill BREDIMUS-LUGEN
Léiler:
10,30 Houmass:
Joermass Marechen SCHROEDER-FREICHEL
Joermass Schwester Joseph-Marguerite REIFFERS
Marie a Josy SCHANCK-PETERS
Famill ANTONY-SIMON an ANTONY-EICHER
Méindeg, de 12.September: Mariä Namen
Cliärref:
8,30 Rousekranzgebiët
9,00 Gemeinschaftsmass
Wer seinen Gott verloren hat, der
kann ihn in der Bibel wiederfinden,
und wer ihn nie gekannt hat, dem
weht hier entgegen der Odem des
göttlichen Wortes
(Heinrich Heine)
14
Dasdes den 13. September 2016
Wallfahrt op Banneux
Joresthema 2016:
< Barmherzig wie der Vater >
< Miséricordieux comme le Père >
9,45 Auer
10,00 Auer
10,30 Auer
14,00 Auer
14,15 Auer
15,30 Auer
Beichtgeleënheet (Wallfahrtskiirch)
Rousekranzgebiet
Konzelebréiert Mass präsidéiert vum
H.Äerzbëschof Jean-Claude HOLLERICH
Gebiet bei der Quell
Kräizwee
Sakramentsandacht mat Krankeseenung
----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Umeldungen
beim Dechen (Tel/Rép.: 921087) oder bei Autocars Stephany (Tel.: 998132)
BUS A:
6,45
6,55
7,00
7,20
Auer
Auer
Auer
Auer
Weicherdange
Clervaux (pl. Liberation + Résidence)
Eselborn
Maulusmühle
BUS B:
7,00
7,05
7,10
7,15
7,20
7,25
7,30
7,35
Auer
Auer
Auer
Auer
Auer
Auer
Auer
Auer
Munshausen
Marnach (Kiirch)
Fischbach
Urspelt
Hupperdange
Heinerscheid (Cornelyshaff)
Lieler
Lausdorn
Präis pro Persoun: 15€ / Kanner bis 14 Joer: 10€
Den Départ zu Banneux owes fir Heem ass um 17,15 Auer
15
Mëttwoch, de 14.September:Kreuzerhöhung
Eselbur:
18,30 Gemeinschaftsmass
Ruader:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 Gemeinschaftsmass:
Joermass Guy SCHROEDER
Marie a Nic SCHAACK-LENT Z
Stëftung Familjen LUDEVIG a SCHLEICH
Stëftung Famill SCHILLING a Wohltäter
Donneschdeg, de 15.September: Gedächtnis der Schmerzen Mariens
Hëpperdang: 14,30 Mass mat de Leit aus dem Foyer „Op der Heed“:
Stëftung Familjen LUX-LINDEN a Wohltäter
Kaalber:
19,00 Gemeinschaftsmass
Freideg, den 16.September: Hl. Kornelius + Hl.Cyprian, Märtyrer
Cliärref:
18,00 Rousekranzegbiët
18,30 Gemeinschaftsmass: Famill LENTZ-THIELEN
16
Samschdeg, de 17.September:Hl.Hildegard / Hl.Robert Bellarmin
Clervaux:
15,00 Célébration de baptême: POTTIER Eloïse r. de la gare,7
Munzen:
18,00 Virowendmass:
Famill Nicolas THELEN-LINDEN-BAULESCH
Famill KREMER-FABER
Stëftung Eheleit URHAUSEN-THILL
Stëftung Familjen SPAUS a JANS
Stëftung Familjen MEYERS, MAILLIET,KREMER
Stëftung Jean KOEPP
Hengescht:
18,30 Virowendmass:
Fernand SCHANCK a Famill
Stëftung Famill SIMON
Cliärref:
18,30 Rousekranzgebiët
Eselbur:
19,00 Virowendmass
Sonndeg, den 18.September:
Kollekt: fir déi pastoral Aufgaben v. d. Erzdiözes
Cliärref:
9,30 Houmass:
Ralph DUHR
Famill WILMES-WEBER
Famill SCHROEDER-COLBACH
Wäicherdang: 10,00 Houmass:
Elise DIEDERICH-NEUMANN
Hëpperdang: 10,30 Houmass:
Pierre SCHROEDER
Josy BERSCHEID
Wenn ich Rechenschaft ablege –
Was steht auf der Habenseite, was bin ich schuldig geblieben? –
Fällt meine Bilanz negativ aus?
Was ein Glück, dass Gott kein Buchhalter ist,
dass er seine Gnade in mein Lebensbuch schreibt. (Karl-Heinz Lenzner)
17
Méindeg, de 19.September:
Cliärref:
8,30 Rousekranzegbiët
9,00 Gemeinschaftsmass
Dasdes, den 20.September: Hl.Andreas Kim an Hl. Paul Chong Hasang,Märtyrer
Résidence:
10,30 Rousekranzgebiët
11,00 Gemeinschaftsmass:
Marc JOURDAIN
Famill THEVES-LOMMER
Famill LANNERS-ECKES
Mëttwoch, den 21.September: Hl.Apostel an Evangelist Matthäus
Eselbur:
18,30 Gemeinschaftsmass:
Famill MEYERS-KOHNEN
Ischpelt:
18,30 Aussëtzung an Anbetung v. Allerhellegsten
19,00 4.Joermass Pol KOCH
Donneschdeg, den 22.September: Hl.Mauritius u.Gefährten. Märtyrer
Reiler:
19,00 Gemeinschaftsmass:
Fred REILAND
Wäicherdang: 19,00 Gemeinschaftsmass:
Stëftung Fam. DIEDERICH,LANNERS, FELTEN, LEBEAU
Freideg, den 23.September: Hl.Pater Pio (+1968)
Cliärref:
18,00 Rousekranz
18,30 Gemeinschaftsmass
18
Samschdeg, de 24.September:
Cliärref:
10,00 Mass bei Geläenheet vun der <Journée des anciens> v.d.
Amicale des anciens de <Saint-Paul Luxembourg>
Léiler:
18,30
Virowendmass
Hengescht: 18,30 Virowendmass, als
Helleg-Geescht Mass fir de Schoulufank
Cliärref:
18,30
Rousekranz
Sonndeg, de 25.September:
Kollekt: fir d‘Kierch
Cliärref:
9,30 Houmass
Wäicherdang: 10,00
Houmass
Maarnech:
10,30
Houmass
Hengescht:
15,30
Daffeier
„Ein reicher Mann ist oft nur ein armer Mann mit sehr viel
Geld.“ Das hat jemand gesagt, der es wissen musste:
Aristoteles
Onassis.
Der
Name
des
griechischen
Tankerkönigs steht für einen fast sagenhaften Reichtum;
gegen Ende seines Lebens soll sein Vermögen mehrere
Milliarden Dollar betragen haben. Ob er glücklich war, ist
eine andere Frage. „Ein reicher Mann ist oft nur ein armer
Mann mit sehr viel Geld.“ Ich vermute, dass Onassis dabei auch an sich selbst gedacht
hat. Denn trotz allen Reichtums wies sein Leben tragische Züge auf. Sein Sohn stürzte im
Alter von 24 Jahren mit dem Flugzeug tödlich ab. Seine erste Ehefrau starb an einer
Überdosis Schlaftabletten. Seine Ehe mit Jackie Kennedy erwies sich als Missverständnis.
So gesehen, war Aristoteles Onassis doch ein armer Mann. Sein Vermögen hat ihn nicht
wirklich reich gemacht.
19
Éischt Reaktioun vum Generalvikar Leo Wagener zum Projet de Loi iwwer de “Fonds de
gestion du patrimoine du culte catholique” (verbonnen mam Oofschaafen vun de
Kierchefabriken) : Pressekonferenz am Bistum vum 5.08.2016
Nodeems den Här Inneminister Dan Kersch Iech Précisiounen zu
sengem Projet de loi iwwert d’Gestioun vun de Kierchegebaier
an anere Kierchegidder vun der kathoulescher Kierch ginn huet,
wëll ech Iech Erklärungen an Appreciatiounen vu Säite vum
Bistum zu deem geplangte Gesetz ginn.
Zu den Erklärungen
Wéi der wësst, geet et beim besoten Text ëm déi gesetzlech Ëmsetzung vun der Konventioun betreffend d’Reorganisatioun vun dem Kierchefabrickswiesen,
déi vum Inneminister a vum Äerzbëschof de 26. Januar 2015 ënnerschriwwe gouf. Den
Inneminister huet dofir bei dem Ausschaffen vum avant-projet mat dem Bistum geschwat. Déi
zwou Delegatiounen hu sech iwwert eng Rei vu Méint 11 mol getraff. Dësen Detail weist
schonn drop hin, datt esouwuel d’Matière, wéi och Gespréicher selwer alles anescht wéi
einfach waren. Et geet ëm näischt manner, wéi ëm d’Ofschafung vun engem iwwer 200järege System vu Kiercheverwaltung, deen op 285 Kierchefabricken mat eegener
Rechtsperséinlechkeet an op Obligatiounen vun de Gemengen opgebaut war. Hien gëtt
ersat duerch e neie System, mat deem dës Regierung d’Trennung vu Kierch a Staat och op
Gemengenniveau duerchsetze wëll. D’kathoulesch Kierch muss an Zukunft alléng fir déi
Kierchegebaier opkommen, déi hir gehéieren an dierf dobäi net méi op kommunal
Ënnerstëtzung zréckgräifen. Op dëse Punkt wäert ech nach zréckkommen.
D’Mëttel, déi si fir déi Aufgab brauch, solle vun engem nei geschafene “Fonds de gestion du
patrimoine du culte catholique” opbruecht ginn, dee gläichsam eng Fusioun vun alle
Kierchefabricken duerstellt. De Fong iwwerhëlt deemno och all Aufgaben, Chargen a Besëtz
vun de jëtzege Kierchefabricken. Esou wéi d’Kierchefabricken elo och, ënnersteet dëse FONDS
der Tutelle vum Bistum, awer net méi der Tutelle vum Inneminister.
De FONDS kritt eng eegen – a vum Bistum verschidden – Rechtsperséinlechkeet, eng eegen
Organisatiounsstruktur, eegen Statuten an eng eegen – vu Reviseuren iwwerpréifte –
Comptabilitéit a lehnt sech juristesch un d’Fondatiounsgesetz vun 1928 un. Et ass also net
esou, wéi et fälschlecherweis op Plaze behaapt gouf, datt sech de Bistum iwwert dëse FONDS
géif de Besëtz vun de Kierchefabricken uneegnen fir seng Schold ze bezuelen. E wichtege Volet
vun dësem Projet de loi ass d’Klärung vun de Besëtzverhältnisser vun de Kierchen a Kapellen.
Och dobäi spillt de FONDS eng wichteg Roll, well hien de Proprietaire gëtt vun deene Kierchen,
déi op Basis vu Konventiounen tëschent de Gemengen an de jëtzege Kierchefabricken, un hien
iwwerginn. No den optimistesche Virstellungen vum Minister, soll dat bis zum 1. Januar 2017
geschitt – an d’Gesetz, mat deem de FONDS geschaaf gëtt, – a Kraaft sinn.
Fir all Kierch, mat Ausnahm vun deenen, déi de Kléischter oder Privatleit gehéieren, soll dann
op enger Annexe II festgehale ginn, wat fir een “Titre de propriété” si duerch d’Gesetz kritt:
Entweder dee vum FONDS oder dee vun der Gemeng. Am Fall, wou d’Gemeng Proprietaire
gëtt, ka si zu all Moment d’Désaffectatioun ufroen an och vum Bistum kréien mat Ausnahm
vun enger Rei vu Kierchen, déi op enger Annexe III figuréieren. Dëst si Kierchen, déi a
Gemengebesëtz sinn an awer fir déi pastoral Ofdeckung vun der kathoulescher Kierch
20
noutwenneg sinn. Op hinnen läit eng Protektioun géint hir Entweihung an deem Sënn, datt de
Bëschof säin Accord gi muss zu hirer Entweihung. Verweigert hien deen, da kann de FONDS
obligéiert ginn, dës Kierch ze kafen. De Präis, deen ze bezuelen ass, gëtt berechent op Basis
vun den net-amortiséierten Investissementer, déi d’Gemeng an deene leschten 10 Joer zënter
dem Akraafttrieden vum Gesetz un der Kierch gemaach huet. Am allgemengen kann ee jo
dovun ausgoen, datt et sech dobäi ëm Aarbechten handelt, déi souwisou fir den Erhalt vum
Gebai néideg waren. Dës Annexe III kann eréischt opgestallt ginn, wann een ofgesäit, wéi sech
d’Verhandlungen op lokaler Basis tëschent de Gemengen a de Kierchefabricken gestalten. Ech
kann Iech also dozou zum jëtzegen Zäitpunkt keng méi präzis Informatioune ginn.
Fir de Fall, wou et zu enger Entweihung vun enger Kierch kënnt, ass et wichteg ze betounen,
datt de FONDS de liturgeschen a konschthistoresche Mobilier mat Ausnahm vun de Klacken,
der Uergel an den Objeten, déi fest mat dem Gebai verbonne sinn (beispillsweis e Mosaik)
behale kann.
Zu den Appreciatiounen:
Dëse Gesetzestext wäert eng Partie Klärungen mat sech bréngen, déi
nëtzlech sinn, beispillsweis, déi vun der Proprietéit vun de Kierchen a
Kapellen. Hien wäert awer och – esouwuel bei de Gemengen, wéi innerhalb
vun der Kierch – vill Kritiker begéinen.
Net nëmmen eng Kritik, mee e kompletten Desaccord, dee mir an dësem
Zesummenhang unzemierken hunn, betrëfft d’Verbuet vun dem
kommunalen Kofinanzement zu dem Erhalen vun deene Kierchen, déi a
Besëtz vum FONDS sinn. De Minister verschäerft nach d’Konventioun an deem Sënn, datt de
FONDS verbuede kritt, Suen vun de Gemengen unzehuelen, mat e puer Ausnahmen. Jo, et
stëmmt, datt an der Konventioun, déi vun äis mat ënnerschriwwe gouf, d’Interdictioun vun
der Kofinanzéierung duerch d’Gemengen dra steet.
Wéi Dir iech denke kënnt, ware bei de Verhandlungen zu de Konventiounen, déi vu mengem
Virgänger gefouert goufen, net mir Demandeur vun dëser Dispositioun mee den Inneminister
an déi sozialistesch Partei. Si huet si zur Bedingung gemaach gehat fir dee gesamte Package
vun Accorden vum Januar 2015.
Mir sinn der Meenung gewiescht, a bleiwen dat och, datt dës Interdictioun géint
d’Gemengenautonomie an domat och géint d’Verfassung verstéisst.
Aus dëser Optik, a mat der berechtegter Iwwerzeegung, datt dem Minister seng Vue, kee
rechtleche Bestand kënnt hunn, hu mir deemools mat der Fauscht an der Täsch
ënnerschriwwen. Och elo war de Minister net vun der Interdictioun erofzebréngen. Ech weess
aus Gespréicher mat Gemengevertrieder, zum Deel och aus Koalitiounsparteien, datt och fir si
dës Regelung onverständlech ass. Datt d’Gemengen keng Obligatiounen méi vis-à-vis vu
Kierchen hunn, déi hinnen net gehéieren ass akzeptabel, mee datt si net dierfen hëllefen, e
Patrimoine cultuel a culturel ze erhalen, deen zu hirem Duerf, hirem Quartier an zu hire
Bewunner gehéiert, verstéisst eiser Meenung géint d’Gemengenautonomie an ass och
aus Siicht vun der Konservéierung vun dem reliéisen, architektoneschen an
konschthistoreschen Patrimoine, deen zu der Geschicht vun eisen Dierfer a Stied
gehéiert, inakzeptabel. Mir gleewen, datt eng Majoritéit vu Matbierger, – och déi, déi net
regelméisseg an d’Mass ginn, – net wëllen, datt Kierchen aus finanzielle Grënn mussen opgi
21
ginn. Esou guer, wa si als Gebaier géifen erhal bleiwen, esou wësse grad d’Landgemengen mat
hire ville klenge Kierchen, dacks ronderëm e Kirfënt geleeën, datt sech eng aner würdevoll a
sënnvoll Notzung zu engem méi bëllege Präis net liicht fanne léisst. Mir kënnen nëmmen
hoffen, datt de Minister hei nach nobessert oder datt d’Chamber beziehungsweis aner
Regierungen dës Dispositioun revidéieren! Mir sinn dann och gespaant, wat de Staatsrot an
och de Syvicol zu deem Punkt bemierken.
Een zweete Punkt, deen domat zesummenhänkt, ass déi weider Notzung vu Kierchen a
Gemengebesëtz duerch d’kathoulesch Kierch. Si kann – no de Virstellungen vum Minister – net
gratis sinn, well dann d’Interdictioun vum Kofinanzement ënnerlaf géif ginn. Nieft den
Energiekäschten muss de FONDS och nach eng jäerlech Indemnitéit bezuelen, déi vun de
Gemengen an enger Forschette vun 1.000 bis 2.500 Euro pro Kierchegebai festzeleeën ass. Mat
dem Droe vun den Energiekäschten (Stroum an Heizung) ginn eis Budget’en schonn sérieux
belaascht. Déi zousätzlech Indemnitéit kënnt nach derbäi. Och wann de Minister iwwert hire
Montant mat sech schwätze gelooss huet, esou stelle mir äis awer berechtegt Froen an deem
Zesummenhang: Firwat mussen mir nach zousätzlech derfir bezuelen, fir dierfen
Doudemassen, Dafen, Hochzäiten a Massen fir Bierger an enger kommunaler Infrastruktur ze
halen, wou aner Bierger vun derselwechter Gemeng beispillsweis fir kulturell a sportlech
Betätegungen op privater Basis kommunal Infrastrukturen gratis zur Verfügung gestallt
kréien? Deen eenzege Grond, firwat mir op deem Punkt am Gespréich bloufen war deen, fir ze
verhënneren, datt verschidde Gemengen äis hätte kinnten willkürlech Notzungskonditiounen
opdrängen. Nieft dësen onverständleche Punkten goufen et awer och eng Rei vu
Rapprochementer vu Säite vum Minister a vun der Regierung: Ee ganz wichtegen war deen
vun der Annexe III, deen ech Iech erkläert hunn. Een aneren, deen äis wichteg war, ass deen,
datt Kierchen iwwert déi et keng Eenegung bis zum 1.1.2017 tëschent Gemeng a
Kierchefabrick gëtt, d’office den Titre de propriété vum FONDS kréien.
Eng Ausnahm sinn déi Kierchen, déi en Titre vun der Gemeng hunn; mee wann et sech dobäi
ëm ganz wichteg Kierchen handele géif, kënne si op d’Annexe III gesat ginn.
De FONDS, deen dezentral geréiert gëtt, kritt eng Iwwergangszäit vun circa 3 Joer fir vun
enger “comptabilité de caisse” zu enger “comptabilité commerciale” ëmze-switchen.
Well de FONDS um Ufank keen geneeën Iwwerbléck iwwer all déi Käschten huet, déi op hien
duerkommen, huet d’Regierung eng Staatsgarantie vun bis zu 15 Mio EUR accordéiert op e
méiglechen Emprunt vum FONDS.
Een anere wichtege Punkt betrëfft de Mobilier an de Kierchen, dee jo och dacks nëmmen
duerch Spenden vun de Gleewegen konnt ugeschaff ginn.
Esou laang, wéi eng Kierch fir de Gottesdéngscht genotzt gëtt, bleift dëse Mobilier bei der
jeeweileger Kierch, egal wiem si gehéiert. Sollt eng Kierch vun enger Gemeng entweiht ginn,
bleift de Mobilier a Kierchebesëtz, also beim FONDS. De FONDS muss just eng
deementspriechend Demande un d’Gemeng maachen.
D’Fro vun der Proprietéit vun de sougenannte “biens de cure” ass zugonschte vum FONDS
definitiv geléist. Et handelt sech dobäi ëm circa 80 ha Land, vun deene sech de Staat als Nupropriétaire gesäit a vun deenen den usufruit , “de Widdem” un de jeeweilege Paschtouer
gaang ass. Deen huet deen awer an der Regel der Kierchefabrick iwwerlooss. Keen
Zougeständnes vum Minister, mee eng fir äis immens wichteg Dispositioun vun der
22
Konventioun, déi den avant-projet iwwerhëlt, ass déi, datt Privatleit, déi de FONDS wëllen
ënnerstëtzen, kënnen hiren Don vun de Steieren ofsetzen an de Limitten, déi do virgesi sinn.
Wien an der Zukunft en Don fir e bestëmmten Zweck (zum Beispill eng Restauréierung oder
eng Uschafung) oder fir eng bestëmmte Kierch maache wëll, dee mécht seng Iwwerweisung op
de FONDS, kritt een Certificat fir seng Steiererklärung a säin Don gëtt dann och deem Zweck
zougefouert, fir deen hien geduecht ass. Hien verschwënnt net an engem groussen Dëppen.
Conclusioun
Ouni hei wëllen op weider Detailer anzegoen, hale mir fest, datt mir de Verbuet vun enger
fräiwëlleger kommunaler Bedeelegung un de Käschten vum FONDS als onrechtméisseg
ugesinn an déi Dispositiounen am geplangte Gesetz nëmme kënnen zeréckweisen. Mir
halen och fest, datt de Minister Kersch op anere Punkten, notamment op deenen, déi ech
virdrun opgezielt hunn, Entgéintkommen gewisen huet. Dat heescht net, datt mir mat all
anerem zefridde wieren. Mir sinn an de Gespréicher einfach op engem Punkt ukomm, wou
keng Säit zu weidere Modifikatioune méi bereet war. De Rescht läit elo an der Verantwortung
vun der Politik.
Wéi geet et elo bei äis virun?
De SYFEL huet am Virfeld schonn seng heftegst Oppositioun géint dat geplangte Gesetz
ugekënnegt. Hien fuerdert een Zréckzéien vun der Virlag a Neiverhandlungen.
Meng Aschätzung vun der politescher Realitéit ass déi, datt et net de geréngste politesche
Wëllen dofir gëtt, och wann ech mat dem SYFEL bedaueren, datt am Kader vun de
Verhandlungen zu der Konventioun, de Minister net wollt op de Wee vun enger grondleeënder
Reform vun de Kierchefabricke goen.
Ech wëll de Kiercheréit 4 Message ginn :
1. Ech wëll hinnen transparent Erklärungen zum Inhalt vum avant-projet ginn an och weisen
wou d’Méiglechkeeten an d’Grenzen vum Bistum waren bei der Diskussioun vum Text.
2. Ech wëll hinne soen, datt – och wa si d’Rechtsperséinlechkeet verléieren – si innerhalb vum
FONDS als Member vu lokale Gremien immens wichteg sinn an iwwert Statuten mat
Befugnisser ausgestatt ginn, déi si net zu Marionette mee zu Acteure mat delegéierter
Verantwortung maachen. Dës Statuten vum FONDS wëll de Bistum mat Leit vun de
Kiercheréit zesummen ausschaffen.
3. D’Suen op hire Konten verschwanne net an enger däischterer Zentralkeess, mee bleiwen do,
wou si sinn an och d’Ënnerschrëften op deene Konten bleiwe valabel. Et gëtt keng Ursaach zu
oniwwerluechten Kurzschlusshandlungen.
4. Ech wäert eng Circulaire un d’Kiercheréit schécken mat Guidelines fir dat weidert Virgoen
an och no der Vakanz duerch Permanencen op verschiddene Plazen am Land mat de
Mataarbechter am Bistum fir si zur Verfügung stoen. Och wann et verständlecherweis zu
Veriergerungen op där enger oder aner Säit kënnt, maachen ech zum Schluss un all
Concernéiert en dréngenden Appell zur Sachlechkeet an den Diskussiounen
zu
dësem
Dossier. All aner Attitüde wier net am Sënn vun der Saach.
Leo WAGENER, Generalvikar
23
24
Ënnert dem Motto <Fair play> gouw - verbonnen mat
der Schoulschlussmass am Juli - e Chèque vu 15.000 € un
de Patrick Godart fir « Bridderlich Deelen » iwereecht zu
Gonschten vun engem Foyer fir Kanner a Jugendlich an
engem Aarmevéierl zu Rio a Brasilien. (Fotoen: Alice Enders)
Porbüro
zu Cliärref:
am Porheem Klatzewee 7 (Tel.26910110):
Méindes vun 10,00 – 11,45 Auer a 14,15 – 16 Auer
(de Büro am Porheem ass zou vum29.8.-18.9.)
Dir kënnt iëch dann och wenden un
Dechen J.Roemen:Tel:921087 / GSM: 621748866)
Paschtouer J.Schuller: Tel: 920592 / GSM: 661194415
------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Zu Héinescht am Por-Center
(57,Hauptstrooss)
Mëttwoch, de 14.September: 10,30 – 11,30 Auer